D'Geheimnis vun der Waliss

Comic aus der Superjhempserie


D'Geheimnis vun der Waliss ass de 7. Album aus der Superjhempserie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

D'Geheimnis vun der Waliss
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1994
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Superjhemp contra Superjhemp
Band duerno Requiem fir de Superjhemp

Ëm wat geet et ? änneren

Well seng Fra Félicie zu Munnerëffeg am Parc Très Mal an der Kuer ass, muss de Charel Kuddel de Stot eleng féieren. Dat ass guer net sou einfach, well de Bëbee Metty flitt déi ganzen Zäit duerch d'Géigend an du quartéiert sech och nach dem Charel säi Bopa Jhéiss bei him an, dee jorelaang an Afrika verscholle gegleeft gouf.

Wéi wann dat alles net schonn duer géif goen, kritt de Charel nach iwwer säi Schongtelefon de Message, hie misst als Superjhemp dem Injustice- an Unterrechtsminister Fishstick seng Wallis bréngen, an där eppes ass, dat als Staatsgeheimnis gëllt. Déi Wallis gëtt awer direkt am Ufank vum Album vun engem Onbekannte geklaut, dee sech spéider als Member vun der Luxusbuerger Ofgeseete Minister Partei entpuppt. D'Zil vun deene Polit-Terroristen ass et, endlech e Luxusbuerger Minister ze stierzen, wat hinne mat dem Contenu vun där ominéiser Wallis och gelénge kéint.

Kuriéises änneren

  • An dësem Superjhemp-Album begéint de Schrobiltgen dem Bill Schrotgen. Déi zwéi gläiche sech immens, och wat d'Virléift fir mat den Hoer erbäigezunne Wuertspiller ugeet. De Kommissär Harespel mengt do nach, datt een dee Glach dach misst eng Kéier ausnotze kënnen, "vläicht an engem aneren Album...ööö... an enger anerer Enquête!!" Dat ass awer bis haut nach net geschitt (grad sou wéineg wéi et dee laang ugekënnegte Superketty Album jee gouf).

Kuckt och änneren


Referenzen an Notten änneren