Walfer Bicherdeeg
D'Walfer Bicherdeeg sinn e wichtege Rendez-vous vu Buchediteuren, Auteuren a Lieser vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun.
Si sinn zanter 1995 all Joer den 3. Weekend am November am Centre sportif Prince-Henri zu Walfer an den zwou Sportshalen an an enger "Zeltstad" virum Haaptagank ofgehalen. Organisateur ass d'Gemeng Walfer.
D'Walfer Bicherdeeg riichte sech un de breede Public a bidden nieft neie Bicher och e groussen Occasiouns- an Antiquariatsmaart.
Den nationalen Dictéesconcours vum LTAM an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg gëtt zanter dem Joer 2005 am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ofgehalen.
Zanter 2006 verginn d'Lëtzebuerger Bicherediteuren am Kader vun de Bicherdeeg hire Lëtzebuerger Buchpräis.
Editiounen
ännerenEditioun | Datum | Motto |
---|---|---|
27 - 2022 | 19.-20. Nov. | Vum Wuessen a Wuerzele schloen |
26 - 2021 | 20.-21. Nov. | Vun Zauberwierder an Zukunftsmutt |
2020 | Wéinst der COVID-19-Pandemie ausgefall | |
25 - 2019 | 16.-17. Nov. | Mir feieren d'Buch |
24 - 2018 | 16.-18. Nov. | |
23 - 2017 | 19.-20. Nov. | Kreativitéit - iwwer Iddien an Inspiratioun |
22 - 2016 | 18.-20. Nov. | Nei Welten |
21 - 2015 | 21.-22-. Nov. | Europa |
20 - 2014 | 14.-16. Nov. | Fester feieren |
19 - 2013 | 15.-17. Nov. | Konscht - Kultur - Kollektiounen (mat de stater muséeën) |
18 - 2012 | 17.-18. Nov. | Philosophie |
17 - 2011 | 19.-20. Nov. | Kino a Film |
16 - 2010 | 20.-21. Nov. | Musek |
15 - 2009 | 21.-22. Nov. | Natur an Ëmwelt |
14 - 2008 | 15.-16. Nov. | Sport a Fräizäit |
13 - 2007 | 17.-18. Nov. | Iwwer Grenzen |
12 - 2006 | 18.-19. Nov. | Krimi & Co. |
11 - 2005 | 19.-20. Nov. | Literatur a Gastronomie |
Um Spaweck
ännerenCommons: Walfer Bicherdeeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |