De Superjhemp an déi grouss Gefor

Comic aus der Superjhempserie


De Superjhemp an déi grouss Gefor ass den 21. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga a koum Enn 2007 eraus.

De Superjhemp an déi grouss Gefor
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 2007
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Déck Mënz fir de Prënz
Band duerno Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel!

An dëser Geschicht huelen d'Auteuren d'Angscht virum Klimawandel op d'Schëpp a maachen de Geck mat deene Gréngen hirem hekteschen Aktivismus an deem Zesummenhank. De Romain Hilgert mengt am Lëtzebuerger Land, se géifen den Ökofaschismus attackéieren a bescheinegt hinne wéi all grouss Literatur, gesellschaftlech Entwécklunge viraus ze gesinn.

Ëm wat geet et? änneren

Zu Luxusbuerg gëtt vun der Regierung e Klimarot agesat, dee vum Blondie Schnéiwäiss a vum Fränz Baushrek geleet gëtt, an dee Mesuren ergräife soll, fir dem Klimawandel entgéintzesteieren. Gläichzäiteg gëtt eng Klimapolizei oder KLIPO geschaaft, där hir Aufgab et ass, ze kontrolléieren, ob d'Luxusbuerger sech un dat nei gestëmmte Klimagesetz halen. De Charel Kuddel geheit zwéi vun deene Schnoffeler aus dem Haus a kritt sech mat sengem ökofixéierten Noper an d'Hoer. Gläichzäiteg erschéngen him a senger anerer Identitéit als Superjhemp d'Presenz vun ëmmer méi Wandrieder a Machenschafte vun enger op Klimaanlage spezialiséierter Firma extreem suspekt. A wéi d'Land op eemol ënner enger Kachkéispenurie leide muss, well e Brandstëfter d'Kachkéisfabréck vun der Juxlait niddergebrannt huet an et ëmmer méi waarm op der Äerd gëtt, well de Bloe Planéit lues a lues der Sonn entgéintdrift, decidéiert de Superjhemp sou e Wandrad mol vu bannen ze ënnersichen. Do erwaart hien dann eng fatzeg Iwwerraschung…

An deem Album gëtt de Charel Kuddel mat senger Vergaangenheet konfrontéiert. Hie begéint engem ale Schoulkomerod a stellt fest, datt deen op déi schif Bunn geroden ass. Aner Highlights an där Geschicht sinn dem Fränz Baushrek seng verzweiwelt Versich, ëmweltpolitesch Mesuren z'ergräifen, mat deenen hien een iwwer d'aner Mol grandios op d'Sabbel geet, an dem A. Krécher seng sarkozyhaft neiräich Attitüden.

Spezielles änneren

Speziell un der Grousser Gefor ass, datt si zesumme mam 22. Album Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel, deen 9 Chrëscht- an aner Geschichten enthält, erauskomm ass, an een déi 2 Albume fir den 20. Anniversaire vum Superjhemp am Doppelpack an der Souscriptioun an der Revue bestelle konnt.

Ausserdeem kruten alleguer déi, déi sech bei de Signature-Seance vun den Auteure schéi brav an d'Rei gestallt haten, en Autocollant Member of the Superjhemp Fanclub an hiert Buch gepecht, an an 100 exemplaires d'auteur koume speziell fir den enkste Frëndeskrees gedréckten Ex-Librise mam Superdupont a mam Superjhemp eraus.

Personnagen am Album änneren

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

Kuckt och änneren


Referenzen an Notten änneren