Wuertspillereien am Superjhemp

Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An dësem Artikel ginn déi lescht Geheimnisser vum Superjhemp senge Wuertspillereie gelëft:

Entreprisen änneren

  • Althügel = Neuberg
  • Catteoui = Cattenom
  • Ducallëf = Ducal
  • Entreprise Dielunte = Entreprise Lamesch
  • Fléiboy = Playboy
  • Generol Bank = General-Bank
  • Gilly Gilly = Schongbuttek "Gilly" (haut Europahaus) op der Nummer 7 um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg
  • Hie Landair = Är Landair = Eis Landair = Icelandair
  • Hotel Schlips = Hotel Cravate
  • Inte Bank = BIL
  • Jang Eisekuch = Jean La Gauffre
  • Journul = Journal
  • Blöd = Bild
  • Juxair = Luxair
  • Kaktus = Cactus
  • Kneif = Knauf-Center, op der Schmëdd an am Pommerlach
  • Luxusbuerger Mord = Luxemburger Wort
  • Pâtisserie Charleroi = Pâtisserie Namur
  • Tagebild = Tageblatt
  • Uelzecht Béier = Mousel
  • Zastra = Astra
  • Zitter-Klinik = Zitha-Klinick
  • Mes sages chéries du Livre = Messagerie du livre
  • Tsé-Tsé FL = CFL
  • Juxlait = Luxlait
  • Le Kotzidien = Le Qutotidien
  • Waarschelor = Arcelor
  • Billeroy & Voch = Villeroy & Boch
  • Feissbuk = Facebook

Persounen änneren

  • Jottzéjott = JCJ = Jean-Claude Juncker
  • Fränz Bintje = François Biltgen
  • Luc Kriegundfrieden = Luc Frieden
  • Roaming = Viviane Reding
  • Pitti = Fernand Boden
  • Calorine Mäertchen = Caroline Maart
  • Marinette Zännersatz = Mariette Zenners
  • Maxx =
  • Billenduerch = Pierre Dillenburg
  • J.-M. Barolo = José Manuel Barroso
  • Yves Leterne = Yves Leterme
  • Tsar Kozy = Nicolas Sarkozy
  • Angie Ferkel = Angela Merkel
  • Vlad Putain = Vladimir Putin
  • Jacques Brëll = Jacques Brel
  • Weinegreen Guy = Guy Rewenig

Plazen änneren

  • Luxusbuerg = Lëtzebuerg
  • Spaaseg = Schrasseg
  • Koma-Bierg = Colmer-Bierg
  • Schmieren = Schieren
  • Geckebréck = Ettelbréck
  • Mikkrech = Dikrech
  • Veinëss = Veianen
  • Bëschfësch = Fëschbësch
  • Haschterdam = Amsterdam
  • Tulipanien = Holland
  • = Helvetien = Schwäiz
  • Boulevard Rose-Wëll = Boulevard Roosevelt
  • Grujhelpéiterplaz = Péitersplaz
  • Wattikan = Vatikan
  • Bunzreplik = Bundesrepublik Däitschland
  • Label Gique = Belsch
  • Nachméirika = Amerika
  • Bushington = Washington
  • Berlusconien = Italien
  • United Queendom = United Kingdom = England
  • Irrland = Irland
  • Sarkoland = Frankraich

Verschiddenes änneren

  • Poznennö = vun hanne no vir: Önnenzop = Ënnenzopp
  • Memorabel = Mémorial
  • Star-Dreck = Startrek
  • Sëlwer Meedchen = Gëlle Fra
  • Big Braddler = Big Brother
  • Näisoisière = Päischtcroisière
  • Big Dräck = Big Mac