De Superjhemp géint de Superdämp
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| ||||
---|---|---|---|---|
Land | Lëtzebuerg | |||
Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
Erauskomm | 1992 | |||
Text | Lucien Czuga | |||
Zeechnungen | Roger Leiner |
De Superjhemp géint de Superdämp ass eng Aktioun vum Roger Leiner a Lucien Czuga an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère, fir d'Promotioun fir eng Aarbechtsplaz ouni Tubak gemaach gëtt.
Ëm wat geet et ?
ännerenDen 31. Mee 1992 ass fir de Weltdag ouni Tubak en Depliant vu 4 Din-A4 Säiten erauskomm, an deem et drëms gaangen ass, datt de Superjhemp dem Charel Kuddel sengem Chef d'Fëmmen ofwinnt. De leschte Saz vun der Geschicht ass: "Wéi de Schrobiltgen géif soen: Fëmm nët, soss bass de gefëmmt!"[sic]
Kuriéises
ännerenEis national Zigarettefabrik ass kuerzerhand an "Heng vum Longekriibs" ëmgenannt ginn.