Stär 6. Gréisst
Als Stär 6. Gréisst ginn zanter der Antiquitéit, déi schwächst mat bloussem A nach siichtbar Fixstäre bezeechent.
Um ganze Stärenhimmel gëtt et ongeféier 4000 Stäre vun der sechster Gréisst.
Ausgewielt Stäre bis zu der 6.Gréissteklass ginn als Fundamentalstäre gebraucht, déi en absolut Koordinatesystem op der Himmelskugel definéieren.
Der anticker Klassifikatioun vun der 1. bis zur 6. Gréisst hunn d'Astronome vun der Neizäit eng physikalesch méi genee Skala ugepasst, déi si als visuell Hellegkeet bezeechnen (och „Gréissteklass“ resp. Magnitudo, ofgekierzt mag). Si ass sou ugeluecht, datt eng Stuf engem Intensitéits-Verhältnes vum Liicht vun 2,512 gläichkënnt, an dofir fënnef Stufe genee 1:100. E Liichtpinktche vun der 6. Gréisst straalt also nëmmen ee Prozent vun deem Liicht an eist A wéi en helle Stär vun der éischter Gréisst. Eisem Gesiichtssënn erschéngt dëst awer nëmme wéi ongeféier fënnëf Stufen, wat eis annerersäits erméiglecht, nach milliardefach Hellegkeetsënnerscheeder tëscht Dag an Nuecht festzestellen.
An der Skala vun 1. bis 6.Gréisst gëtt et:
- 23 Stären 1. Gréisst bis 1,5 mag.
- 70 Stären 2. Gréisst (1,5 bis 2,5 mag)
- 170 Stären 3. Gréisst
- 430 Stäre 4.Gréisst (nom Argelander/Kapteyn)
- 1200 Stäre 5. Gréisst
- 4000 Stäre 6. Gréisst.
Pro Stuf hëlt d'Stärenzuel deemno op dat 2½ bis 3-facht zou, wat sech bis iwwer déi 15.Gréisst fortsetzt a mat dem Siichtbarginn vu Mëllechstroossstären déi wäit ewech leien zesummenhänkt.