De Wantersechseck ass eng markant Konstellatioun vun helle Stären um nërdleche Wanterhimmel. Et ass kee Stärebild am Sënn vun der IAU, mä et ëmfaasst e puer Stärebiller mateneen.

Konstellatioun vum Wantersechseck

Am Auerzäresënn besteet et aus den opgelëschte Fixstären:

Vu Mëtteleuropa aus ass de Wantersechseck an de Méint Januar bis Mäerz géint 22 Auer MEZ iwwer dem Südhorizont ze gesinn, kann awer schonn am Hierscht an der zweeter Nuetshallschent observéiert ginn.

De Sechseck ass net ganz reegelméisseg, huet awer duerch déi opfälleg Zwillingsstäre Castor a Pollux eng zousätzlech Attraktioun.
Am Verglach zum Summerdräieck, Hierschtvéiereck oder Fréijoersdräieck wierkt d'Formatioun e bëssche verbéit, trotzdeem ass si och an der Groussstad mat Liichtverschmotzung duerch Stroossebeliichtung ganz markant a gutt z'erkennen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie