Kaart vum Stärebild Scorpius. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

Antares, säin Numm

änneren

Den Antares, och α Scorpii genannt, ass den hellste Stär am Stärebild Scorpius. Hie steet op enger Distanz vu 520 Liichtjoer vun eiser Äerd. Den Numm staamt aus dem Griicheschen a bedeit sou vill wéi Ares entgéintgesat“. De Gott Ares gouf vun de Réimer Mars genannt, an den Antares huet souwuel eng änlech Faarf, wéi och eng änlech Hellegkeet wéi de Mars. Déi zwéi si liicht ze verwiesselen, well se sech och nach alle béid no bei der Ekliptik ophalen. Weider Nimm si Kalb al Akrab, a Vespertilio.

Hellegkeet

änneren

Mat enger visueller Magnitude vun 0,96 mag ass hien de 15.-hellste Stär um Himmel. Seng Absolut Hellegkeet ass -5,2 mag. Seng Uewerfläch ass relativ kill, d'Temperatur huet ronn 3400 Kelvin. Den Antares huet eng orangerout Faarf a straalt vill onsiichtbaart Liicht Infrarout of. Den Antares huet déi 40.000-fach Liichtkraaft vun der Sonn. Seng Spektralklass ass M1, d'Liichtkraaftklass ass Iab.

Gréisst

änneren

Wéi déi meescht rout Iwwerrisen ass den Antares e verännerleche Stär vum Typ My-Cephei-Stär. Aus der relativ nidreger Temperatur an der staarker Hellegkeet léisst sech schléissen, datt den Antares gewalteg Ausmoossen huet. Säin Duerchmiesser huet ronn 6,24×108 km (ronn 624 Millioune Kilometer). Domat géif hien, op d'Plaz vun eiser Sonn gesat, bis iwwer d'Ëmlafbunn vum Mars ewechzéien. Den Antares zielt wéi d'Betelgeuse zu de rouden Iwwerrisen. A senger derzäiteger Entwécklungsphas verléiert hie seng baussenzeg Gasschicht, a bilt dobäi e planetareschen Niwwel, deen ee wéinst engem Begleetstär gesäit.

Den Antares huet genuch Mass, fir beim Erreeche vum Heliumbrennen en Eisekär ze maachen, an an enger Supernova z'explodéieren, nach virum Ofstousse vun alle Gasschichten.

Diverses

änneren

Den Antares ass een Duebelstär. Am Wénkelofstand vun 2,6" ass beim Positiounswénkel vun 273° e blowäisse Stär (Spektraltyp B3V) mat der Hellegkeet vu 5,5 mag. D'Ëmlafzäit ass 878 Joer. Fir dëse Begleeder ze gesinn, ass en Teleskop vun wéinstens 10 Zentimeter Objektivëffnung néideg.

Den Antares kann als ekliptiknoe Stär vum Mound, ganz seele vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Antares duerch ee Planéit war de 17. September 524 v. Chr. duerch d'Venus, déi nächst ass de 17. November 2400, nees duerch d'Venus.

Zesummefaassung

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck

änneren
Commons: Antares – Biller, Videoen oder Audiodateien