Serpens (Stärebild)

Stärebild

De Serpens (Schlaang) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Serpens
Lëtzebuergeschen Numm Schlaang
Laténgeschen Numm Serpens
Laténgesche Geenitiv Serpentis
Laténgesch Ofkierzung Ser
Rektaszensioun 15h 10m bis 18h 59m
Deklinatioun +25° 40’ bis -16° 10’
Fläch 637 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 74° Nord bis 64° Süd
Beschten Observatiounszäitraum Summer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
Unuk (α Serpentis),
2,63m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
Kapp vun der Schlaang
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Corona Borealis
Bootes
Virgo
Libra
Ophiuchus
Hercules
Nopeschstärebiller
Schwanz vun der Schlaang
(vun Norde am
Auerzeigersënn)
Ophiuchus
Sagittarius
Scutum
Aquila
Kaart vum Stärebild Serpens an Ophiuchus

Beschreiwung

änneren

D'Schlaang ass dat eenzegt Stärebild um Himmel, dat aus zwee net zesummenhängenden Deeler besteet. Déi béid Deeler ginn aus laang gezunnene Kette vu Stäre gemaach, déi vum Ophiuchus Schlaangendréier ënnerbrach ginn. Den ëstlechen Deel vun der Schlaang gëtt Serpens Caput (lat. Kapp vun der Schlaang), de westlechen Deel, Serpens Cauda (Schwanz vun der Schlaang) genannt.

De Serpens Caput läit am Randberäich vun der Mëllechstrooss. Hei fënnt een de bekannte Gasniwwel M 16, och Adlerniwwel genannt, an den oppene Stärekoup IC 4756. Am Serpens Cauda steet den opfällege Kugelstärekoup M 15.

Geschicht

änneren

D'Schlaang gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

Am Joer 1970 gouf an der Schlaang eng Nova FH Serpentis entdeckt.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 24 Unuk, Unukalhai, Unuk al Hay, Cor Serpentis 2,63m 73 K2 III
η 58 3,23m 62 K0 III-IV
μ 32 3,54m 156 A0 V
ξ 55 3,54m 105 F0 IIIp
β 28 Beta Serpentis (Chow) 3,65m 153 A3 V
ε 37 3,71m 70 A2 Vm
γ 41 3,85m 36 F6 V
θ1,2 63 Alya 4,03m 132 A5 V
κ 35 4,09m 349 M1 III
δ1 13 4,20m 210 F0 IV
ο 56 4,24m 168 A2 Va
ν 53 4,32m 193 A0 /A1 V
λ 27 4,42m 38 G0 V
ι 21 4,51m 192 A1 V
ζ 57 4,62m 76 F3V
ρ 38 4,74m 395 K5 III
π 44 4,82m 177 A3 V
σ 50 4,82m 89 F0 V
MQ 5,06 81 F8 III-IV
36 5,09 159 A3Vn
10 5,15 122 A8 IV
τ1 9 5,16m 919 M1 III
R 5,16 911 M5 IIIe - M9e
δ2 5,20 210 F0 IV
d 59 5,20 479 G0 III + A6 V
ω 34 5,21m 263 G8 III
16 5,26 235 K0p
3 5,32 467 K0 III
χ 20 5,34m 228 A0p Sr
6 5,35 244 K3 III
60 5,38 236 K0 III
HR 6016 5,39 494 K4 III
HR 6858 5,39 471 K3 III
25 5,39 408 B8 III
HR 5924 5,45 602 M0 III
11 5,50 270 K0 III

Den hellste Stär ass den α Serpentis am Kapp vun der Schlaang. Et handelt sech ëm e Stär, deen 73 Liichtjoer vun eis ewech läit. Et ass e Risestär deen orange liicht, mat dem 15fachen Duerchmiesser, an der 35facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Säin Numm Unuk ass arabesch an ass eng verkierzte Form vun "Unuk al Hay", „Hals vun der Schlaang“. Eng aner Bezeechnung ass "Cor Serpentis", laténgesch fir „Häerz vun der Schlaang“.

System Gréissten Ofstand
β 3,65 / 9,9 / 10,7m 31 / 207“
δ 4,2 / 5,2 / 14,7 / 15,2m 4 / 66 / 4,4”
θ 4,5 / 5,4m 22“

De β Serpentis ass e Méifachstäresystem, a besteet aus dräi Stären, déi ëm ee kollektive Schwéierpunkt kreesen. D'System ass 153 Liichtjoer vun eis ewech.

An der klassescher chineesescher Astronomie huet de β Serpentis Chow geheescht a war e Symbol vun der Zhou-Dynastie.

De δ Serpentis ass e Véierfachstäresystem op enger Distanz vun 210 Liichtjoer. Et besteet aus zwou Koppele vu Stären. Déi béid Komponenten A a B sinn Ënnerrise vun der Spektralklass F0 IV mat engem Wénkelofstand vu 4 Bousekonnen, déi sech an 3200 Joer ëmkreesen. De δ Serpentis B ass och nach e verännerleche Stär. Dat zweet System besteet aus de liichtschwaache Komponenten C an D, déi en Ofstand vu 4,4 Bousekonnen opweisen.

Den θ Serpentis ass en Duebelstär, deen 132 Liichtjoer wäit vun eis ewech ass. Déi zwéi Stäre gehéieren zu der Spektralklass A5.

Verännerlech Stären

änneren
Stär Gréisst Period Typ
δ Serpentis B 5,2m 0,134 Deeg Delta-Scuti-Stär
R 5,1 bis 14,4m 356,4 Deeg Mira-Stär
U 7,8 bis 14,7m 237,9 Deeg Mira-Stär
χ Alpha2-Canis-Venaticorum-Stär

De δ Serpentis B ass e kuerzeperiodesche pulsatiounsverännerleche Stär. An engem Rhythmus vun nëmmen 3 Stonnen an 13 Minutte verännert sech seng Hellegkeet ëm knapps 0,04 Gréissteklassen.

Den R Serpentis ass e laangperiodesch verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 900 Liichtjoer. Iwwer en Zäitraum vun 356,4 Deeg verännert hie seng Hellegkeet däitlech. Wärend dem Hellegkeetsmaximum ass hie mat bloussem A ze gesinn, an am Minimum brauch ee schonn e besseren Teleskop. Et ass e roudelzege Stär vun der Spektralklass M6 III.

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
M 16 6611 Adlerniwwel 6,0m Gasniwwel
M 5 5904 5,7m Kugelstärekoup
6604 6,5m Oppene Stärekoup
6605 6,0m Oppene Stärekoup
IC 4756 4,6m Oppene Stärekoup

An dem Stärebild Serpens (Schlaang) sinn zwéin niwweleg Objete siichtbar, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog (Messier-Katalog) opgeholl hat.

Den M 5 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu ronn 27.000 Liichtjoer. Et ass ee vun den hellste Kugelstärekéip um nërdlechen Himmel.

Den M 16 och Adlerniwwel genannt, ass 7.000 Liichtjoer vun eis ewech. Bekannt si Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop, déi gewalteg Gas- a Stëbswolleke weisen. Dës Regioun ass eng Gebuertsplaz vu Stären.

Den IC 4756 ass en onschäinbaren oppene Stärekoup op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Serpens – Biller, Videoen oder Audiodateien