De Beta Serpentis (β Ser) ass de fënnefthellste Stär am Stärebild Serpens (Schlaang).

An der klassescher Chineesescher Astronomie heescht de Beta Serpentis 周, Schrëftzeechen, dat fir d'Zhou-Dynastie steet.

De Beta Serpentis ass e Méifachstäresystem, a besteet aus dräi Stären, déi sech ëm e kollektive Schwéierpunkt beweegen. Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vun 3,65m a gehéiert zu der Spektralklass A3V. D'Begleedstären hunn Hellegkeete vun 9,9m an 10,7m a weise Wénkelofstänn vun 31" respektiv 207" op.

D'System Beta Serpentis ass 153 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datebank).

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie