Delta-Scuti-Stäre si pulsatiounsverännerlech Stäre vun der Spektralklass A2 bis F6 an der Liichtkraaftklass V bis III. D'Periode leien tëscht 0,03 an 0,2 Deeg an d'Amplituden tëscht 0,003 an 0,1 Gréissteklassen.

D'Pulsatioun verleeft radial an nëmmen an der Grondfrequenz, an Ausnamefäll och an der 1. Uewerschwéngung. D'Liichtbéi entspriechen enger Sinusschwéngung mat verännerlecher Form, Period an Amplitud.

D'Delta-Scuti-Stäre leien am Hertzsprung-Russell-Diagramm tëscht der Haaptrei an den RR Lyrae-Stären. Ongeféier 30% vun den Haaptreiestären an den u.g. Spektralklasse sinn Delta-Scuti-Stären.

Änlech Eegenschafte wéi d'Delta-Scuti-Stären, allerdéngs bei méi héijen Amplituden, weisen d'Zwergcepheiden.

Beispiller fir Delta-Scuti-Stäre[1]
Numm Bayer-Bezeechnung Spektralklass Visuell Magnitude
(Maximum)
Amplitude (mag) Period (Deeg)
Vega Alpha Lyrae A0 V -0,02 0,07 0,19
Denebola Beta Leonis A3 V 2,14 0,025 -
Caph Beta Cassiopeiae F2 III-IV 2,25 0,06 0,1043
Rho Puppis F6 IIp 2,68 0,19 0,14088
Ceginus Gamma Bootis A7 III 3,02 0,05 0,2903
Pherkad Gamma Ursae Minoris A3 II-III 3,04 0,05 0,1430
Theta2 Tauri A7 III 3,35 0,07 0,0756
Tau Cygni F0 IV 3,65 0,10 -
Ypsilon Ursa Majoris F2 IV 3,68 0,18 0,1327
Gamma Coronae Borealis A0 IV 3,8 0,06 0,03
Rho1 Sagitarii F0 IV-V 3,9 0,04 0,05
Phicares Epsilon Cephei F0 IV 4,15 0,06 0,0412
Delta Serpentis F0 IV 4,23 0,04 0,134
Delta Delphini F0 IV 4,38 0,11 -
Delta Scuti F3 IIIp 4,6 0,19 0,19377

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Variables of δ Scuti type (Alcyone)