Haaptmenü opmaachen

De Serge Tonnar, gebuer den 3. Februar 1970 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.

Serge Tonnar
SergeTonnar.jpg
Op der Fête de la musique 2011 um Bridel.
Gebuer 3. Februar 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Filmkomponist
Famill
Geschwëster Yann Tonnar
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Inhaltsverzeechnes

BiographieÄnneren

De Serge Tonnar ass de Brudder vum Regisseur Yann Tonnar. Hien huet seng Première am Stater Jongelycée gemaach an duerno zwee Joer Journalismus zu Bréissel studéiert. Vun 1993 un huet hien als fräien a vun 1995 un als feste Mataarbechter beim Radio 100,7 geschafft an donieft Artikelen iwwer Kulturtheme fir d'Zeitunge Grénge Spoun, Tageblatt a Lëtzebuerger Land geschriwwen. 1997 huet hien ugefaangen sech als onofhängege Kënschtler z'etabléieren.

Zanter 1985 komponéiert, schreift an interpretéiert de Serge Tonnar Rockmusek; hien huet mat Gruppe wéi Battaklang, Blue Screw, Claudine Muno and the Luna Boots an Taboola Rasa zesummegeschafft. 2001 huet de Serge Tonnar d'Band Zap Zoo matgegrënnt a mat hir véier Albumen erausbruecht. Och mat der Band Serge Tonnar & Legotrip mécht hien zanter 2003 Musek an huet erfollegräich Radiosingle verëffentlecht. 2008 ass donieft nach säi Soloalbum Pärele bei d'Sei erauskomm. Och op verschiddenen anere Projeten ass hie vertrueden; sou huet hie fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg Reloaded (2010) d'Lidd Firwat[1] gecovert an um Concert D'Keess op an d'Klacken eraus! (2011) fir d'Fondation Thierry van Werveke deelgeholl.[2]

1996 huet en do donieft ugefaange fir den Theater ze komponéieren (z. B. Schold & Schäin vum Claude Mangen, 2009), an zanter 2000 och fir verschidde Filmer, dorënner dem Andy Bausch seng Wierker Le club des chômeurs (2002) an Deepfrozen (2006).

An der Theaterszeen ass de Serge Tonnar och Schauspiller, Auteur, Regisseur a Produzent vu lëtzebuergeschsproochege Stécker.

Hien ass Matgrënner vum Artistekollektiv an der Produktiounsgesellschaft MASKéNADA (1995). Do donieft ass hien engagéiert an Etats d'Urgence, a le forum culture(s), an am Mierscher Kulturhaus.

Vun 2008 bis 2012 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.

Am Flüchtlingskrisejoer 2015 huet de Serge Tonnar zesumme mat der Rita Neu, der Sabine Tonnar an dem Misch Donven de Veräin Mir wëllen iech ons Heemecht weisen[3] gegrënnt, mam Zil, den interkulturellen Dialog unzekuerbelen, andeems d'Lëtzebuerger den Auslänner, déi hei liewen, hir Kultur weisen an ëmgekéiert.

WierkerÄnneren

Theater (als Auteur)Änneren

  • 2001: Eat it
  • 2003: All Dag, esou géint 5 fir 12. E Familliendrama mat Happy End
  • 2003: Schlof, Kënndche schlof
  • 2004: Talk Show
  • 2006: Exit Lëtzebuerg
  • 2007: Superstar

FilmmusekÄnneren

DiskographieÄnneren

Fir Verëffentlechunge mat senge Museksgruppen, kuckt w.e.g. d'Artikelen Zap Zoo a Serge Tonnar & Legotrip.

SoloalbumenÄnneren

  • 2008: Pärele bei d'Sei

Soss LidderÄnneren

GielchenÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Serge Tonnar – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. D'Originalversioun Firwat? aus dem Joer 2003 ass vun den Gentle MC's.
  2. wort.lu: „D'Keess op an d'Klacken eraus!“ (23. Oktober 2011; gekuckt de 17. Januar 2014)
  3. Den Numm ass en Zitat aus dem Lidd De Feierwon vum Michel Lentz.
  4. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture