L'homme au cigare
L'homme au cigare ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer de Fred Junck (1942-1996), Grënner a spéidere Conservateur vun der Stater Cinemathéik.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2003 |
Première | 2003 |
Dauer | 70 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie |
Klaus Peter Weber Cinémathèque municipale |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent | Brigitte Kerger-Santos |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Filmproduktioun änneren
Dem Andy Bausch seng Filmproduktiounsgesellschaft Rattlesnake Pictures krut 2000 e Subside vu 723.000 Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong fir d'Iddi vum Film auszeschaffen.[1]
Kritik änneren
Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[2]
L'Homme au cigare est probablement le meilleur film d'Andy Bausch jusqu'à présent [...] [Il] a réussi un film intelligent parce qu'il maîtrise son sujet à tel point qu'il évite les pièges du sentimentalisme mielleux et de l'hagiographie kitsch. Il a pris de la hauteur dans son approche. Bien qu'il ait eu beaucoup d'admiration et de gratitude pour Junck, il laisse aussi toute la place nécessaire à ses critiques ou ennemis de l'époque.
Gielercher änneren
Beim 1. Lëtzebuerger Filmpräis, am Joer 2003, krut de Film de Präis vum "Beschte Lëtzebuerger Film", zesumme mat J'ai toujours voulu être une sainte. E krut och de Spezialpräis vun der Stad Lëtzebuerg.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
- L'homme au cigare um Site vum Lëtzebuerger Filmfong
Referenzen änneren
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
- ↑ land.lu: By any means possible vum Josée Hansen (18. Dezember 2003)