Haaptmenü opmaachen

Informatiounen

Schokelaetc.JPG

Film
Originaltitel: Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Première: 2010
Dauer: 80 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Englesch
Equipe
Regie: Andy Bausch
Dréibuch: Andy Bausch
Fotografie: Carlo Thiel
Jean-Louis Schuller
Schnëtt: Misch Bervard
Musek: Serge Tonnar
Produzent: Paul Thiltges Distributions
Schauspiller
--- (Documentaire)
André Jung (Erzieler)
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher: d'Amerikaner zu Lëtzebuerg 1944-1964 ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 2010. En ass den 12. November 2010 an de Kinoen ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?Änneren

De Film beliicht d'US-amerikanesch Presenz zu, an hire (kulturellen) Afloss op Lëtzebuerg, vun der Liberatioun, am September 1944, bis an d'1960er Joren. E besteet aus Interviewe mat Zäitzeien (dorënner de Fotograf Tony Vaccaro, den Henri Losch, de Roger Manderscheid an de Rosch Krieps), Fotoen an nogestallten Zeenen.

Erzielt gëtt de Kulturschock, duerch d'Befreiung selwer, dann duerch déi ënnerschiddlech Liewensweisen, an d'Relatiounen tëscht verschiddene GIs a lëtzebuergesche jonke Fraen an d'Konsequenzen dovun (wourënner déi "brong Puppelcher" am Titel). Rieds geet och vun der Ardennenoffensiv, der Perle Mesta, déi 1949-1953 amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg war,[1] dem Marshallplang, dem Koreakrich an der Kubakris, déi d'Verhältnis zu Amerika an den Nokrichs-Joerzéngte bestëmmt hunn. Beschriwwe gëtt awer och den Afloss op d'Alldagsliewen, sief et duerch Musek, Filmer, Alldagsgéigestänn, Iessenskascht a -gewunnechten (de Schockela an de Knätschgummi am Titel); kuerz, d'Auswierkunge vum American way of life op dat éischter konservatiivt Lëtzebuerg.

SossÄnneren

De Film gouf am Ganze vu 6.734 Leit am Kino gesinn.[2]

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Am Film gëtt iertimlech gesot, si wier schonn am Wanter 1944-45 Ambassadrice am Land gewiescht.
  2. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).