Serge Tonnar & Legotrip

lëtzebuergesch Museksgrupp

Serge Tonnar & Legotrip war tëscht 2009 an 2019 eng lëtzebuergesch Museksgrupp ëm de Sänger Serge Tonnar, deen och d'Texter geschriwwen huet. Aner Membere waren den Eric Falchero (Keyboard), de Rom Christnach (Bass) an de Misch Feinen (Batterie).

Serge Tonnar & Legotrip
D'Band op der "Fête des Hauts-fournaux" um Belval am Juli 2014
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Websäit www.legotrip.lu
Memberen Serge Tonnar (Gesank, Gittar)
Eric Falchero (Keyboard)
Rom Christnach (Bass)
Misch Feinen (Batterie)
Jorsch Kass (Batterie, Perkussioun)

Bandgeschicht änneren

2003 ass den éischten Album Legotrip erauskomm. Deemoels war Legotrip nach e Soloprojet vum Serge Tonnar.

Gréissere Succès hat den Album Klasseklon, mat deem aus Legotrip eng richteg Band ginn ass.[1] Déi éischt Single dovun, Crémant an der Chamber, hëlt dem deemolge Chamberpresident Laurent Mosar seng Ausso op d'Schëpp, datt och d'Deputéiert géife spueren andeem si kee franséische Champes méi, mee just nach Lëtzebuerger Crémant géifen drénken.[2] Och den zweeten Extrait Belsch Plaasch krut vill Airplay a gouf vun den Nolauschterer vun RTL zum Summerhit 2011 gewielt.[3]

Als Titellidd fir d'Sitcom Weemseesdet hu Serge Tonnar & Legotrip 2011 Wat den Noper seet opgeholl. D'Joer drop ass nach d'Single Diskothéik an de Livealbum Legolive erauskomm, an d'Grupp ass op de Bopebistro-Tour a Caféen uechtert d'Land gaangen. Vun dëser Tournée koum 2013 e Buch, an 2014 en Documentaire (De Bopebistro Tour, vum Yann Tonnar) eraus.

En drëtte Studiosalbum mam Titel Hämmelsmarsch gouf am Oktober 2013 verëffentlecht. Éischt Single war d'Lidd Ech si Lëtzebuerg. Kuerz drop ass Déi kleng Chamber (Live am Bistrot de la Presse) als digital Single erausbruecht ginn. Dëst Duett mam Fernand Fox ass eng Reprise vum Fox sengem Lidd aus den 1970er Joren, dat selwer eng Parodie a Coverversioun vum Pierre Kartner sengem Schlager In 't kleine café aan de haven vun 1976 war.

Den Album Vill Harmonie ass eng Kompilatioun vu fréiere Stécker, nei agespillt zesumme mam Orchestre de chambre du Luxembourg. 2017 koum den Studioabum Bommeleeër Buddha eraus.

Enn 2019 huet d'Band sech opgeléist, nodeems sech zwéi Memberen aus berufflechen oder perséinleche Grënn zeréckgezunn hunn.[4]

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2003: Legotrip
  • 2011: Klasseklon
  • 2012: Legolive (Livealbum)
  • 2013: Hämmelsmarsch
  • 2015: Vill Harmonie
  • 2017: Bommeleeër Buddha

Singelen änneren

  • 2003: Kossovomoss
  • 2010: Crémant an der Chamber
  • 2011: Belsch Plaasch
  • 2011: Wat den Noper seet
  • 2012: Diskothéik
  • 2012: Laksembörg-Sitti
  • 2013: Ech si Lëtzebuerg
  • 2013: Déi kleng Chamber (Live am Bistrot de la Presse)
  • 2013: Den Hit op RTL

Um Spaweck änneren

Commons: Serge Tonnar & Legotrip – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 100komma7.lu: Enn vu Legotrip: "Et war eng besonnesch Dynamik" (10. Dezember 2019)
  2. land,lu: CD Klasseklon von Serge Tonnar - Vun der Long op d'Zong (2. Juni 2011; gekuckt de 17. Januar 2014)
  3. rtl.lu: RTL-Summerhit: Dir hutt ofgestëmmt fir ... "Belsch Plaasch" (12. September 2011)
  4. S"erge Tonnar gëtt Enn vu Legotripp bekannt." rtl.lu, 08.12.2019.