Streik!
Streik! ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch. En huet den Ënnertitel 100 Joer fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016) a koum den 11. Mee 2016 an de Kino.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
![]() |
Première | 11. Mee 2016 |
Dauer | 100 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Andy Bausch |
Dekoren | François Dickes |
Produzent | Paul Thiltges, Adrien Chef |
Schauspiller | |
Erzieler: Marc Limpach Am Interview oder Filmausschnëtt: Nora Back Benny Berg Adolf Bettendorf Saïd Bouressam Mario Castegnaro Nick Daubenfeld Jacques Delacollette Helder De Oliveira Borges Roger Feller Patrick Freichel Fernand Hübsch Mario Igniti René Konter Danièle Nieles Valentin Olinger Nando Pasqualoni Jean-Claude Reding André Roeltgen Jos Ruckert Louise Schroeder-Biever Vera Spautz Denise Steinhäuser Schauspiller an nogestallten Zeenen: Eugénie Anselin Will Aust Jean-Marie Ersfeld Luc Feit Al Ginter Marcel Hamilius Marco Lorenzini Carla Lucarelli Nilton Martins Christine Muller Christiane Rausch Frank Sasonoff Yves Schaaft Leila Schaus Luc Schiltz Pitt Simon Gilles Soeder Mike Tock Serge Tonnar Brigitte Urhausen | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film erzielt unhand vun Interviewen, Archivmaterial an nogestallten Zeenen d'Geschicht vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg, vum 19. Joerhonnert bis 2016.
SossÄnneren
De Film gouf am Optrag vum OGBL am Kader vum Centenaire vun de fräie Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016) produzéiert.[1] Den OGL huet de Film zesumme mat Paul Thiltges Distributions koproduzéiert an 80% zum Budget bäigedroen.[2]
Den Historiker Denis Scuto an de Schauspiller an Historiker Marc Limpach hu bei de Recherche fir de Film gehollef. De Marc Limpach ass och den Erzieler vum Film.[2]
De Sänger Serge Tonnar huet d'Vollekslidd fir de Film komposéiert a gesongen.[1][3]
KritikÄnneren
Dat wat d'Erzielerin Flou um Ufank vum Film ukënnegt, ass dem Andy Bausch gelongen: eng aner Geschicht vu Lëtzebuerg ze erzielen, eng passionéiert a passionnant Geschicht vun ënnen an dobäi eng immens flott filmesch Rees duerch méi wéi 100 Joer, wou alles anenee gräift: Erzielsträng, historesch Text-, Foto- a Filmdokumenter, animéiert Fotoen, nogespillten Seenen, Zäitzeien am Dialog, Musek asw.
Pol Schock, Luxemburger Wort:[5]
Bilder von protestierenden Arbeitern werden mit romantischer Folklore unterlegt. Doch hierin liegt mithin das Deutungsproblem des Films. Es darf bezweifelt werden, ob die Herrschenden die Arbeitergeschichte bewusst leugnen. [...] Eine solche Abrechnung mit fiktiven Drachen des Landes ist eigentlich schade: Der Film verspielt dadurch seine Chance, einen nuanciert-kritischen Blick auf die Sozialgeschichte des Landes zu werfen – so ist es eine etwas simple Erzählung der Erfolgsgeschichte der Gewerkschaft(en) des Landes.
Romain Hilgert, d'Lëtzebuerger Land:[6]
Andy Bausch machte sich an die Arbeit mit jenen Ausdrucksmitteln, die er in mehr als einem Dutzend historischer Dokumentarfilme über Unterhaltungskünstler und Modeepochen erprobt hat und die Geschichte lebendig und kurzweilig machen sollen, mit historischen Filmdokumenten, nachträglich animierten Fotos, von Schauspielern nachgestellten Szenen, Interviews von Zeitzeugen…
Der „Streik!“-Film von Andy Bausch ist eine zweischneidige Angelegenheit: Er macht dankenswert mit einer oft verdrängten Epoche bekannt, doch das Gewicht des Auftraggebers OGBL ist in deren Behandlung allzu spürbar.
Frédéric Braun, Le Quotidien:[8]
L'excellent documentaire « Streik ! » [...] raconte l'histoire de la lutte sociale au Luxembourg. [...] Narrée par Marc Limpach, coécrite par l'historien Denis Scuto, la dernière œuvre d'Andy Bausch est probablement le meilleur documentaire actuel sur le mouvement social et ses origines profondes dans la brutalité de la société bourgeoise de la fin du XIXe siècle.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Trailer op vimeo.com
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 ogbl.lu: Le documentaire «Streik!» est désormais disponible en DVD (net datéiert, gekuckt den 9. Dezember 2021>
- ↑ 2,0 2,1 lessentiel.lu : «"Streik!", c'est l'histoire du travailleur» vum Cédric Botzung (10. Mee 2016)
- ↑ D'Vollekslidd vum Serge Tonnar op YouTube
- ↑ 100komma7.lu : "Streik!" vum Andy Bausch vum Denis Scuto (28. Abrëll 2016)
- ↑ wort.lu : Filmkritik der Woche - "Streik!": Neue Mythen braucht das Land vum Pol Schock (12. Mee 2016)
- ↑ land.lu : Bilder einer Gegengeschichte vum Romain Hilgert (22. Abrëll 2016)
- ↑ woxx.lu: Andy Bausch : Arbeitermoral vum Luc Caregari (26. Mee 2016) https://lequotidien.lu/politique-societe/streik-un-siecle-de-lutte-sociale-au-grand-duche/
- ↑ Le Quotidien: « Streik ! » : un siècle de lutte sociale au Grand-Duché vum Frédéric Braun (24. Abrëll 2016)