Mir wëllen net bleiwen
Mir wëllen net bleiwen ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Pascal Becker a vum Yann Tonnar iwwer Lëtzebuerger, déi ausgewandert sinn. En hat den 18. Juni 2010 Première.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 15. Juni 2010 |
Dauer | 110 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
Pascal Becker Yann Tonnar |
Dréibuch |
Pascal Becker Yann Tonnar |
Fotografie |
Carlo Thiel Jean-Louis Sonzogni |
Musek | Serge Tonnar |
Produzent | Nicolas Steil (Iris Prodctions) |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film portraitéiert Leit, meeschtens Lëtzebuerger, déi d'Decisioun geholl hunn, anzwousch anescht wéi an hirem Gebuertsland ze liewen. E suivéiert de räiche Geschäftsmann Jos Spartz an Indonesien, d'Mariette Braquet, eng fréier Direktiounssekretärin an engem Luxusbuttek, déi am Niger eng Entwécklungs-ONG gegrënnt huet, d'Famill Elsen, déi Baueren a Kanada gi si well se zu Lëtzebuerg net genuch Terrain haten, an de Claude Sternberg, de wéinst sengem Glawen op Jerusalem ausgewandert ass. Eng fënneft lëtzebuergesch-südafrikanesch Famill ass op Lëtzebuerg geplënnert, fir hir Kanner an enger friddlecher Ëmgéigend opwuessen ze loossen.[1]
De Film geet der Fro no, firwat dës Leit emigréiert sinn an hannerfreet dem Lentz säi Motto aus dem Feierwon: Wëlle si bleiwe wat se sinn? Wat wëlle se sinn? Wou wëllen se sinn?
Produktioun
ännerenD'Initiativ fir de Film geet op de Produzent Nicolas Steil zeréck, deen e Film aus dem Fotograf Raymond Reuter sengem Buch 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt aus dem Joer 2003 wollt maachen. Dofir huet hien d'Regisseuren Pascal Becker a Yann Tonnar engagéiert. No e puer Méint Recherche hu si nëmmen ee Personnage aus dem Buch zeréck behalen, de Jos Spartz an Indonesien.[1]
D'Musek gouf vum Regisseur Yann Tonnar sengem Brudder Serge Tonnar produzéiert.
1.778 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken.[2]
Kritik
ännerenJosée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]
Le montage est intelligent, souvent surprenant et un peu décalé, [...] et les interviews sont sincères, on sent que les interviewés étaient en confiance [...] sa seule faiblesse : de sauter sur l'agaçante idéologie dominante, ici comme en France, sur l'identité nationale qu'il faudrait définir, fixer, étudier, au lieu de la considérer comme un organisme mouvant.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 land.lu: Peau de veau vum Josée Hansen (17. Juni 2010)
- ↑ alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018