The Gentles
The Gentles, ufanks och nach Gentle MC's genannt, war eng lëtzebuergesch Hip-Hop-Grupp.
BandgeschichtÄnneren
The Gentles goufen 2002 zu Péiteng ënner dem Numm Gentle MC's gegrënnt. D'Grupp huet Hip-Hop mat lëtzebuergeschen, franséischen, däitschen an engleschen Texte gemaach. Membere waren den Daniel Depienne, de Pierre Helm, de Joël Heyard, d'Marie-Lou "Marilù" Bossio an den Thomas Frantzen.
Si haten 2003 mam Lidd Firwat?, dat fir eng Campagne vun der Sécurité routière opgeholl gi war, e gréissere Succès zu Lëtzebuerg. E Joer drop hu si och eng exklusiv engleschproocheg Versioun dovun erausbruecht.
2005 hunn d'Gentles hiren eenzegen Album verëffentlecht, vun deem d'Singlen Empfäng der deen Toun? a L'abandon de nos familles ausgekoppelt goufen.
Zanterhier hu verschidde Memberen u Soloprojete geschafft.
AlbumÄnneren
- 2005: Gentle Attitude
SinglenÄnneren
- 2003: Firwat?
- 2003: Made in Luxembourg
- 2004: Why?
- 2005: Empfäng der deen Toun?[1]
- 20??: L'abandon de nos familles (Radiosingle)
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Zeitungsartikel: "L'album est accompagné de treize exemplaires du premier single "Empfäng der deen Toun?", conçus par l'artiste André Depienne." (gekuckt de 14. Januar 2014)