Über Wasser
Über Wasser - Menschen und gelbe Kanister ass en éisträichesch-lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Regisseur Udo Maurer aus dem Joer 2007.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Éisträich Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2003-2005 |
Première | 23. Februar 2007 |
Dauer | 82 min |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Udo Maurer |
Dréibuch | Udo Maurer |
Fotografie | Attila Boa, Udo Maurer |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Emily Artmann, Ilse Buchelt, Oliver Neumann |
Produzent | Erich Lackner, Anne Schroeder |
Produktiouns- gesellschaft |
Lotus Film Samsa Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenAus dräi verschiddenen Deeler vun der Welt erzielt den Documentaire den Ëmgank mam Waasser um Rand vun der mënschlecher Zivilisatioun. Ugefaangen am Bangladesch, wou aus den Haiser Booter gi wann d'Iwwerschwemmunge kommen, fiert de Film weider am Kasachstan, wou ganz Fëscherdierfer duerch de Réckgank vum Aralséi an der Wüst stinn an zu gudder lescht aus de Slums vun Nairobi, wou d'Drénkwaasser eng rar Marchandise ass.
Produktiounsgeschicht
ännerenGedréint gouf de Film tëscht August 2003 an August 2005 am Kasachstan, a Bangladesch an am Kenia.[1] D'Produktioun gouf vum Lëtzebuerger Filmfong an dem europäeschen Eurimages ënnerstëtzt.
Auszeechnungen
ännerenDe Film gouf op enger ganzer Rei Festivalle gewisen, dorënner am kanadesche Saskatoon, am taiwaneschen Yilan, zu Buenos Aires, Oslo, Seattle, Würzburg, Sydney, Verviers an zu Riga.[2] E krut de "WWF Award" um Filmfestival vun Thessaloniki[2]