Mierscher Theater
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gebai „Mierscher Theater“. Fir de Veräin, deen d'Gebai geréiert, kuckt wgl. Mierscher Theater (Veräin). |
De Mierscher Theater (virum Oktober 2024: Mierscher Kulturhaus) ass e multidisziplinäre Kulturzenter zu Miersch deen der Mierscher Gemeng gehéiert. D'Gebai läit op N° 53 an der rue Grande-Duchesse Charlotte (CR102).
De Mierscher Theater (2014) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Miersch |
Plaz | Miersch |
Adress | 65, Rue Grande-Duchesse Charlotte |
Koordinaten |
49° 44’ 53.23’’ N 6° 06’ 16.45’’ O |
Statut | Kulturzentrum |
Proprietär | Gemeng Miersch[1] |
Den 18. Oktober 2003 gouf d'Asbl Maison de la Culture Mersch gegrënnt mam Optrag fir all Zort Konscht a Kulturen op lokalem, regionalem an nationalem Niveau ze fërderen an dat regionaalt Mierscher Kulturhaus z'exploitéieren an ze geréieren[2]. De 4. Oktober 2024 gouf bei enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert fir d'Asbl an och d'Haus a "Mierscher Theater" ëmzebenennen.
D'Programmatioun an d'Exploitatioun vum Mierscher Theater mécht eng Ekipp vun administrativen an technesche Mataarbechter ënnert der Leedung vum Direkter Claude Mangen.
D'"Matbewunner" am Gebai sinn d'Mierscher Geschichtsfrënn[3], d'Mierscher Musek[4], den FC Marisca Miersch[5] deen do seng Vestiairen huet[6], grad ewéi den Nationale Jugendorchester Lëtzebuerg (Orchestre national des jeunes du Luxembourg, ONJ)[7].
Kuckt och
änneren- De Veräin Mierscher Theater
Um Spaweck
ännerenCommons: Mierscher Theater – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Parzell 363/7221, Proprietär = « Mersch, la Commune », nogekuckt op act.public.lu de 25.11.2024
- ↑ RCS: F367: Statuten (Art. 2) vum 18. Oktober 2003, op lbr.lu
- ↑ RCS: F5287, fréier "Les amis du vieux Mersch"
- ↑ RCS: F876
- ↑ RCS: F11296
- ↑ (fr)Cohabitants. Mierscher Theater Archivéiert de(n) 04.03.2015. Gekuckt de(n) 25.11.2024.
- ↑ RCS: F13256