Frank Feitler
De Frank Feitler, gebuer den 9. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Dezember 2023[1],[2], war e lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur.
Frank Feitler | |
---|---|
Gebuer |
9. Mee 1950 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 21. Dezember 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterregisseur, Dréibuchauteur |
Hien huet seng Jugend zu Bäerdref an zu Esch-Uelzecht verbruecht. No sengem Studium a Philosophie an an däitscher Literatur op der Uni zu Heidelberg, war hie vun 1974 bis 1984, Philosophie- an Däitschproff am Lycée classique d'Echternach.[3] An där Zäit huet hien och do d'Theatergrupp geleet an huet seng éischt Schrëtt als Dramaturg mat dem Frank Hoffmann, am Kasemattentheater gemaach.
No 4 Joer huet hien den Enseignement opginn, a gouf dramaturgesche Beroder vum Baseler Theater bis 1988. Duerno ass hien ee Joer op Hamburg an d'Deutsches Schauspielhaus gewiesselt. 1990 koum hien zeréck op Lëtzebuerg an huet sech mat der Filmbranche ofginn. Sou huet hien d'Dréibicher vu Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven, Black Dju, Boys of the Run, spéiderhin och Rusty Boys a Little Duke matgeschriwwen.
Nom stënterlechen Doud vum Jeannot Comes Enn 2000, gouf hien 2001 Direkter vum Grand théâtre de la ville de Luxembourg. 2011 huet hien och d'Direktioun vum Kapuzinertheater iwwerholl.
Am September 2015 gouf hie pensionéiert, den Tom Leick gouf säin Nofollger.[4]
Nieft Dréibicher huet hien och Theaterstécker geschriwwen, dacks zesumme mam Guy Rewenig, dorënner Adaptatiounen an Interpretatioune vu klassesche Stécker, an och alt emol Regie gefouert.
2021 gouf hie bei der Verdeelung vun de Lëtzebuerger Theaterpräisser mam "Nationalen Theaterpräis" ausgezeechent.
Literatur
änneren- France Clarinval: "Frank has left the building." In: d'Lëtzebuerger Land 5.1.2024, Nr.1, S.18-19 (Noruff).
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Frank Feitler am Alter vun 73 Joer gestuerwen." rtl.lu, 21.12.2023
- ↑ "De Frank Feitler ass gestuerwen." 100komma7.lu, 21.12.2023.
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Zwei Theaterhäuser - Ein Direktor." ons stad Nr. 94 (2010), S.4-9.
- ↑ "Théâtres de Luxembourg-Ville: Tom Leick succède au directeur Frank Feitler." RTL.lu - 02.02.2015, 17:30 | Dernière mise à jour: 02.02.2015, 17:35.