Gustaf Gründgens

däitschen Intendant a Schauspiller
(Virugeleet vu(n) Gustav Gründgens)

De Gustaf Gründgens, gebuer den 22. Dezember 1899 als Gustav Heinrich Arnold Gründgens zu Düsseldorf a gestuerwen de 7. Oktober 1963 zu Manila, war ee vun de bekanntsten däitsche Schauspiller vum 20. Joerhonnert.

Gustaf Gründgens
De Gustaf Gründgens 1936 als Hamlet
Gebuertsnumm Gustav Heinrich Arnold Gründgens
Gebuer 22. Dezember 1899
Düsseldorf
Gestuerwen 7. Oktober 1963
Manila
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent
Famill
Bestuet mat Erika Mann, Marianne Hoppe

Seng berüümtste Roll war déi vum Mephisto am Goethe sengem Faust. De Gründgens huet säin Talent och wärend der Nazizäit mat vill Succès zum beschte ginn (de Joseph Goebbels huet grouss Stécker op hie gehalen), wat de Klaus Mann (dem Thomas Mann säi Jong) dozou bruecht huet, d'Haaptfigur vu sengem Roman Mephisto op de Gründgens ze baséieren. De Gründgens huet als "Äntwert" de Film Friedemann Bach erausbruecht, an deem et drëm geet, wéi dem Johann Sebastian Bach säi Jong ouni Succès alles probéiert, fir aus dem Schiet vu sengem Papp erauszekommen.

Um Spaweck änneren

Commons: Gustaf Gründgens – Biller, Videoen oder Audiodateien