Leiteschbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Leiteschbaach ass eng Baach am Oste vu Lëtzebuerg um Territoire vun der Gemeng Gréiwemaacher.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer Grief op enger Héicht vun 230 Meter an der Griecht Riteschgronn ronn 900 m westlech vu Mënjecker. Vun do leeft se de ganzen Zäit no Südosten, ënner der Tréierer Autobunn erduerch an Direktioun Gréiwemaacher. Nodeem se do ënner dem CR137, an e puer honnert Meter weider ënner der N1 erduerch ass, leeft se bei der Maacher Schwämm op enger Héicht vun 130,35 Meter vu lénks an d'Musel.

Kuckt och änneren