D'Mykenesch Kultur war eng hellenesch Kultur am Spéithelladikum um Enn vun der Bronzezäit. Den Numm kënnt vun der Stad Mykene, déi um Peloponnes louch.

Mykenesch Mask, déi fälschlecherweis Mask vum Agamemnon genannt gëtt (Archeologesche Musée vun Athen).

D'Mykenesch Kultur gouf um Enn vum 19. Joerhonnert duerch d'Ausgruewunge vum Heinrich Schliemann zu Mykene (1874) an Tiryns (1886) bekannt. Dësen huet geduecht, hien hätt d'Welt aus den Epe vum Homer, der Ilias an der Odyssee fonnt. An engem Graf zu Mykene huet hien eng gëlle Mask fonnt, déi hie "Mask vum Agamemnon" genannt huet. Och e Palais deen zu Pylos ausgegruewe ginn ass, huet den Numm "Palais vum Nestor". Eréischt d'Ausgruewunge vum Sir Arthus Evans hunn der mykenescher Welt eng eegen Autonomie vis-à-vis vun der minoescher Kultur ginn, déi chronologesch virdru läit.

Bei Ausgruewungen zu Knossos op Kreta huet den Evans Dausende vun Tountafele fonnt, déi duerch en Accident beim Brand vum Palais ëm 1450 v. Chr. gebak goufen. Hien huet dës Schrëft Linearschrëft B genannt, well si senger Meenung no méi wäit entwéckelt war, wéi d'Linearschrëft A. 1952 konnt d'Linearschrëft B vum Michael Ventris an den John Chadwick entschlësselt an als fréi Form vum Griicheschen entziffert ginn. Dat huet d'mykenesch Zivilisatioun vun der Protogeschicht an d'Geschicht katapultéiert, an hir d'Plaz an der Bronzezäit vun der Egäis ginn.

Allerdéngs bleiwen d'Tafelen a Linearschrëft B eng begrenzte Quell. Zesumme mat den Inskriptiounen op de Vase kënnt e Korpus vu knapps 5000 Texter eraus. Am Géigesaz dozou goufen am Orient Honnerte vu sumereschen an akkadeschen Tafele fonnt. Déi meescht Texter sinn ausserdeem zimmlech kuerz a meeschtens vun administrativer Natur, wéi zum Beispill Inventairen, déi net fir Archivzwecker bestëmmt waren. Allerdéngs bidden dës Tafelen och en objektive Bléck op d'mykenesch Welt ouni kinneklech Propaganda.

Chronologie

änneren

D'Chronologie vun der mykenescher Kultur gouf vum schweedeschen Archeolog Arne Furumark no der Typologie vun den Objeten déi fonnt goufen an der Stratigraphie vun den Ausgruewungsplazen opgestallt[1]. Och wann dës Chronologie kritiséiert gëtt, sou gëtt si dach weider benotzt. Fir dës Period gëtt de Begrëff Spéithelladikum (SH) benotzt.

 
Ruinen zu Mykene.
SH I: zirka 1550 - 1500 v. Chr.
SH II A: zirka 1500 - 1450 v. Chr.
SH II B: zirka 1450 - 1425 v. Chr. (D'Mykener kommen op Knossos (?))
SH III A1: zirka 1425 - 1380 v. Chr. (Zerstéierung vu Knossos)
SH III A2: zirka 1380 - 1300 v. Chr. (Héichzäit vun de mykenesche Palaisen)
SH III B1: zirka 1300 - 1250 v. Chr.
SH III B2: zirka 1250 - 1200 v. Chr. (Zerstéierung vun de mykenesche Palaisen um Kontinent)
SH III C1: zirka 1200 - 1125 v. Chr.
SH III C2: zirka 1125 - 1100 v. Chr.

D'Phas SH I ass gläichzesetze mat der Transitioun tëscht Mëttelhelladikum a Spéithelladikum. De kulturelle Charakter vun der mykenescher Zivilsatioun huet sech an dëser Period opgebaut.

An der Phas SH II koum et zu enger Steigerung vun den archeologesche Siten. Um Enn vun dëser Period goufen d'minoesch Palaise vu Knossos, Phaistos, Malia a Kato Zakros zerstéiert. Nëmme Knossos gouf op en Neits bewunnt, an huet mykenesch Zich ugeholl. Et gëtt ugeholl datt de Palais vu "Mykener", déi Kreta eruewert hunn, okkupéiert gouf, an déi hei un d'Muecht komm sinn. D'Archiver a Linearschrëft B vu Pylos stamen ongeféier aus der Phas SH II B.

An der Phas SH III huet sech mykenesch Zivilisatioun weider verbreet. Ausser Kreta gouf et elo och op aneren Inselen an der Egäis, wéi zum Beispill op de Kykladen an zu Rhodos mykenesch Siten, a souguer bis a Klengasien sinn d'Mykener gereest. Mykenesch Objete goufen am ganze Mëttelmierraum, an Zentraleuropa an op de Britteschen Insele fonnt. Mykenesch Stied goufen op Zypern an am Levante gegrënnt.

Um griichesche Festland goufen d'Palais-Festungen, d'Tholoï, ëmmer méi monumental. Fir d'Period SH III B1 beweisen d'Schätz déi zu Mykene an Orchomenos fonnt goufen, datt d'mykenesch Herrscher zimmlech räich waren. Dës Period war och den Héichpunkt vun der mykenescher Zivilisatioun. D'Archiver vu Knossos stame wuel aus der Phas SH III B (zirka 1250 v. Chr.).

Wie waren d'Mykener ?

änneren

Zanter der Entschlësselung vun den Tafelen a Linearschrëft B ass gewosst, datt dat Vollek, wat "Mykener" genannt gëtt, Griiche waren. Keng geschriwwe Quell vun engem mykenesche Site verréid eis, wéi sech dëst Vollek selwer genannt huet. No der Ilias, déi Griichen dacks Achaier nennt, an andeems een och d'Hethiter mat abezitt, déi vun engem Ahhiyawa schwätzen, wollt een de Mykener den Numm Achaier ginn. Mä d'Hethiter-Argument ass nach laang net vun alle Fuerscher akzeptéiert, a wat den Homer ugeet, sou kann d'Wuert "Achaier" bei him verschidde Bedeitungen hunn.

 
Fresko aus dem 13. Joerhonnert zu Mykene.

D'linguistesch Analys vun den Texter a Linearschrëft B bréngt d'mykenesch Sprooch no u griichesch Dialekter vu spéideren Zäiten erun, mä éischter dem ioneschen, dem atteschen an dem ailoeschen wéi den achaieschen Dialekter a klassescher Zäit. Sou géifen déi éischt vum mykeneschen hierkommen, déi zweet wieren zwar mam mykenesche verwandt, mä géifen zu enger Grupp gehéieren, déi scho verschidde vun de Mykener an der Bronzezäit war.

D'linguistesch Fro, déi sech op e Verglach mat de Sprooche vun de follgende Periode baséiert, geet awer sécherlech net duer, fir d'Mykener kloer z'identifizéieren. Näischt beweist, datt dës Mykener eng eenzeg ethnesch a linguistesch Communautéit waren, an et ass méi probabel, an hinnen eng Sammlung vu Vëlker ze gesinn, déi hirersäits d'Virfahre vun den Achaier, Ionier asw. waren.

D'mykenesch Gesellschaft schéngt an zwou Gruppe vu fräie Männer opgedeelt gewiescht ze sinn: den Entourage vum Kinnek, dee sech ëm d'Administratioun am Palais gekëmmert huet, an d'Vollek, den da-mo, deen an de Gemenge gewunnt huet. Dëst Vollek an de Gemenge gouf vu kinneklechen Agenten encadréiert, huet missen Aarbechte leeschten, a Steieren un de Palais bezuelen.

Déi, déi am Palais geschafft hunn, waren dacks héich Fonctionnairen, déi wuel déi grouss Haiser, déi ronderëm d'Palaise fonnt goufen, bewunnt hunn. Et gouf awer och aner Persounen, déi duerch hire Beruff zwar un de Palais gebonne waren, awer net onbedéngt méi räich wéi d'Membere vum da-mo waren: Handwierker, Baueren, evtl. Händler. Ganz um Enn vun der sozialer Leeder stoungen d'Sklaven, do-e-ro (männl.) an do-e-ra (weibl.). An den Texter geet nëmme vun deene Leit riets, déi vir de Palais geschafft hunn.

Politesch Organisatioun

änneren

Well et keng direkt Quelle ginn, kann déi generell politesch Organisatioun vun der mykenescher Welt net sécher gewosst sinn. Dem Homer no war Griicheland a verschidde Staaten ënnerdeelt, déi hien an der Ilias ernimmt: Mykene, Pylos an Orchomenos, déi och duerch d'Archeologie bekannt sinn, mä vläicht och Sparta oder Ithaka. D'Archeologie kann dëst awer net confirméieren. Nëmmen d'Staate vu Pylos a Knossos si kloer duerch Texter a Linearschrëft B attestéiert. Deemno ass net gewoss, wat den dominante politeschen Zentrum vun der Argolis war: Mykene, Tiryns oder Argos ? Wat war mat Athen, Gla a Iolkos ?

 
Déi wichtegst mykenesch Stied a Griicheland.

An den hethitesche Quelle geet vun engem "Kinnek vun Ahhiyawa » riets, deen de selwechte soll si wéi de "Kinnek vun den Achaier". An der Ilias ass de Kinnek vun den Achaier keen anere wéi de Kinnek vu Mykene, den Agamemnon. Mä näischt beweist, datt dës Ahhiyawa och Achaier waren, an d'Lokalisatioun vun hirem Räich bleift ëmstridden: Klengasien, Rhodos, Kontinentalgriicheland ? Wa verschidde Fuerscher sech op d'hethitesch an homeresch Quelle beruffe wëllen, fir aus dem mykenesche Griicheland eng Konfederatioun vu Staaten ze maachen, déi duerch e Kinnek, primus inter pares, wuel de Kinnek vu Mykene, dominéiert goufen, sou gëtt et heifir bis haut keng Beweiser.

Op méi klengem Plang wësse mir allerdéngs besser Bescheed iwwer d'intern Organistatioun vun zwee Kinnekräicher, Pylos a Knossos. Mä och hei ass nach laang net alles gewosst.

De Staat schéngt e Kinnekräich gewiescht ze sinn, dat vun engem Kinnek, dem wa-na-ka (ϝάναξ / wánax) dirigéiert ginn ass, an dee wuel eng militäresch, juristesch a reliéis Roll hat. Dëse ka mam homereschen ἄναξ / anax identifizéiert ginn, dem "gëttlechen Här", dem "Meeschter vum Haus". An den Affertexter gëtt de Begrëff néngmol ernimmt, wat drop hindeit, datt d'Herrscher vu Pylos a Knossos e Kult kruten. Mä, wéi beim Homer, kann de Begrëff och eng Gottheet bezeechnen.

Ënner dem Kinnek stoung de ra-wa-ke-ta (lawagetas), wuel de Chef vun der Arméi. Allebéid hate si eegent Land, wat te-me-no (τέμενος / témenos) genannt gouf. Aner Würdendréier waren d'te-re-ta (telestai), déi an den Texter als Landbesëtzer ernimmt ginn. Si hate vläicht och eng reliéis Funktioun. D'e-qe-ta (equetai), waren den Entourage vum Kinnek. Dës ware Krieger.

Nieft de Membere vum Haff waren nach aner Dignitaire fir déi lokal Administratioun vum Territoire zoustänneg. D'Kinnekräich vu Pylos war an zwou grouss Provënzen ënnerdeelt, d'De-we-ra ka-ra-i-ja, déi no Provënz ronderëm Pylos, an d'Pe-ra-ko-ra-i-ja, déi méi wäit ewech ronderëm d'Stad Re-u-ko-to-ro louch. Weiderhi war d'Kinnekräich a 16 Distriker an a Gemengen ënnerdeelt. Fir dës Distrikter z'administréieren, huet de Kinnek e ko-re-te (koreter, « Gouverneur ») an e pro-ko-re-te (prokoreter, « Sous-Gouverneur ») ernimmt. En do-mo-ko-ro (damokoros, « dee sech ëm den Damos këmmert »), huet sech ëm d'Gemengen, d'da-mo (wuertwiertlech « Vëlker », δῆμος / dễmos) gekëmmert, an e pa-si-re-u (βασιλεύς / basileús) hat och eng Charge op Gemengenniveau, déi awer net genee preziséiert ass. Et schéngt wéi wann hien eng Versammlung vun den Eeleren, ke-ro-si-ja (γερουσία / gerousía), dirigéiert hätt. Et ass interessant ze gesinn, datt bei de klassesche Griichen, de Basileus de Kinnek war, wéi wann tëscht dem Verfall vun der mykenescher Gesellschaft an der klassescher Zäit nëmmen de Gemengefonctionnaire als héchst Autoritéit iwwer d'Generatiounen iwwerlieft hätt.

Wirtschaft

änneren

D'Organisatioun vun der Wirtschaft an de mykenesche Kinnekräicher schéngt an zwee gedeelt gewiescht ze sinn: Eng éischt Grupp huet am Orbit vum Palais geschafft, wärend eng aner fir sech selwer geschafft huet. Dëst passt och bei d'sozial Organisatioun. Dëst huet natierlech déi Leit, déi fir de Palais geschafft hunn, net dovun ofgehalen, och hiren eegene Geschäfter nozegoen.

 
Oliven, déi ugebaut goufen, fir Olivenueleg ze produzéieren.

D'Wirtschaft gouf vun de Schreiwer kontrolléiert, déi d'Entréeën an d'Sortie vun de Produitse kontrolléiert hunn, d'Aarbecht verdeelt hunn, a sech ëm d'Distributioun vun de Ratioune gekëmmert hunn. Den du-ma-te schéngt eng Zort vun Intendant gewiescht ze sinn, deen ee Beräich vun der Wirtschaft iwwerwaacht huet.

Akerbau

änneren

D'Land vun de Kinnekräicher vu Pylos a Knossos war an zwee gedeelt: de ki-ti-me-na, den Territoire vum Palais, an de ke-ke-me-na, den Territoire vun der Gemeng, dee vu sougenannte ka-ma-na-e-we kultivéiert ginn ass, déi wuel aus dem da-mo koumen. D'Lännereie vum Palais sinn déi, déi an den Texter ze fanne sinn. Een Deel dovu war den te-me-no vum wa-ka-na a vum ra-wa-ge-ta. Den aneren Deel, o-na-te-re, huet de Membere vun der Administratioun vum Palais gehéiert. Dëse konnten dëse bebaue loosse vu Sklaven, oder och vu fräie Leit, déi si un d'Land gebonnen hunn.

D'Akerbauproduktioun vun dëse Kinnekräicher ass an der traditioneller "Mëttelmier-Trilogie" bliwwen: Kar, Olivebeem, Wäin. D'ugebaute Käre waren de Weess a Geescht. Ausserdeem goufen Olivebeem ugeplanzt fir Olivenueleg ze produzéieren. Dësen Ueleg gouf awer net onbedéngt fir d'Ernierung benotzt, mä éischter fir d'Kierperfleg an de Parfum. Och Wäin gouf ugebaut. Niewebäi gouf et Léngen fir d'Kleeder a Sesam fir den Ueleg, souwéi verschidde Friichtebeem wéi de Figebam.

D'Véizucht gouf duerch d'Schof an d'Geessen dominéiert. D'Kéi an d'Schwäin ware méi rar. D'Päerd goufe geziicht, fir d'Krichsween ze zéien.

Handwierk

änneren

D'Organisatioun vum Handwierk ass virun allem am Palaiskader bekannt. D'Archiver vu Pylos weisen op eng spezialiséiert Aarbecht hin, all Aarbechter huet zu enger preziser Kategorie gehéiert an hat eng spezifesch Plaz an den Etappe vun der Produktioun, besonnesch an der Textilindustrie.

D'Textilindustrie war ee vun den Haaptsekteure vun der mykenescher Ekonomie. D'Tafele vu Knossos weisen eng ganz Produktiounsketten, vun de Schof bis zum Stockage vum fäerdege Produit an de Geschäfter vum Palais. Fir de Palais vu Pylos hunn eng ronn 550 Aarbechter an der Textilindustrie geschafft. Zu Knossos waren et der bal 900. 15 Spezialiséierungen an der Textilveraarbechtung konnten identifizéiert ginn. No der Woll gouf Léngen am meeschte benotzt.

 
Mykenesch Tafel wou iwwer eng Commande vu Woll riets geet.

Och d'Metallindustrie konnt zu Pylos attestéiert ginn, wou 400 Aarbechter agestallt goufen. De Quellen no gouf d'Metall ënner hinne verdeelt, fir datt si hir Aarbecht maachen, an der Moyenne 3,5 kg Bronze pro Atelier. Wéi si bezuelt goufen ass allerdéngs net bekannt. Op den Distributiounslëschte vun de Ratioune feelen d'Metallaarbechter komplett. Zu Knossos schwätze verschidden Tafele vun enger Schwäertproduktioun, ouni awer op eng richteg Metallindustrie hinzedeiten.

D'Industrie vun der Parfumerie konnt och nogewise ginn. D'Tafele schwätze vum Hierstelle vu parfuméiertem Ueleg: Rous, Salbei asw. Duerch d'Archeologie ass ausserdeem gewosst, datt d'Palaisen och nach aner Handwierker haten: e Goldschmatt, Handwierker déi Elfebeen verschafft hunn, a Keramik-Atelieren. Och Olivenueleg gouf produzéiert. Verschidde Beräicher hunn hir Produiten och exportéiert.

Den Handel feelt gréisstendeels an de Quellen. Sou ass zum Beispill net gewosst, wat mat parfuméierten Ueleg geschitt ass, nodeem en zu Pylos agelagert ginn ass. Grouss Tounkréi mat Ueleg goufen zu Theben a Böotien erëmfonnt. Op dëse Kréi goufen Inskriptiounen a Linearschrëft B fonnt, déi besot hunn, wou d'Kréi hierkomm sinn, nämlech vu Kreta. Op de kreteschen Tafele steet awer kee Wuert iwwer d'Exportatioun vun Ueleg. Iwwer d'Textilindustrie gëtt et och nëmme wéineg Informatiounen. Et ass gewosst datt d'Minoer hir Stëfter an Egypten exportéiert hunn, sou kann ugeholl ginn datt d'Mykener dat selwecht gemaach hunn. Si hu warscheinlech d'Erfarunge vun de Minoer fir sech benotzt, grad sou wéi vill Handelsweeër. Obschonn d'Quelle feelen, kann een awer dovun ausgoen, datt verschidden Industrien och exportéiert hunn, well hir Produktioun méi héich war, wéi an de Stied selwer gebraucht gouf.

Wat d'Exportatioun vu mykenesche Produite baussent Griicheland ugeet, sou kann hei och d'Archeologie hëllefen. Vill Vase goufen an der Egäis, an Anatolien, am Levante, an Egypten mä och méi westlech op Sizilien a souguer an Zentraleuropa bis a Groussbritannie fonnt. D'Circulatioun vu mykenesche Produkter ka wéinst klengen Tountafelen, de Virgänger vun eise modernen Etiketten, novollzu ginn, . Op dëse klengen Tafelen ass e Sigel an eng Ideogramm mam Objet ze gesinn, deelweis goufen och nach aner Informatiounen notéiert: Qualitéit, Hierkonft, Destinatioun asw.

55 vun dësen "Etikette" goufen 1982 zu Theben fonnt, si haten alleguer en Ideogramm vun enger Kou. Sou konnt de Wee vum Véi rekonstituéiert ginn[2]: si koumen aus ganz Böotien an Euböa a goufen op Thebe geschéckt, fir geaffert ze ginn. Duerch d'Etikette konnt bewise ginn, datt d'Véi net geklaut war, an och wou et hierkomm ass. Nodeem d'Véi ukomm waren, goufen d'Etikette gesammelt, an eng Compatbilitéitstafel erstallt.

Relioun a Mythologie

änneren
 
Fresko aus dem 13. Joerhonnert v. Chr. zu Mykene op deem eng weiblech Gottheet duergestallt ass.

Et ass net einfach, d'Relioun fir d'mykenesch Zivilisatioun z'identifizéieren, besonnesch bei den archeologesche Siten, wou et komplizéiert bleift, eng Kultplaz mat Sécherheet z'identifizéieren. Nëmmen d'Affertexter ginn eis Nimm vun de Gëtter, mä erzielen näischt vun de Ritualer.

Am mykenesche Pantheon gouf et schonn eng Partie Gëtter, déi spéider och am klassesche Griicheland ze fanne waren. De Poseidon schéngt eng wichteg Plaz ageholl ze hunn, virun allem an den Texter vu Knossos. Et war wuel eng chthonesch Gottheet, déi mat den Ärdbiewe verbonne war. Et goufen och eng Partie "Damme" fonnt, Potnia, déi mat de Kultplazen ze dinn haten, wéi zum Beispill d'"Damme vum Labyrinth" op Kreta. Och vun enger Mammegottheet mam Numm Diwia geet riets. Aner Gëtter, déi identifizéiert konnte ginn waren den Zeus, d'Hera, den Ares, den Hermes, d'Athena, d'Artemis, den Dionysos, d'Erinyen asw. Net veréiert goufen den Apollo, d'Aphrodite an d'Demeter (orientalesch Gottheeten) an den Hephaistos.

Fir d'mykenesch Zäit konnt kee groussen Tempel identifizéiert ginn. Verschidden Hellegtümer goufen allerdéngs fonnt, sou zum Beispill zu Phylakopi, wou vill kleng Statuette fonnt goufen, déi wuel als Kado fir d'Gëtter geduecht waren.

Begriefnesritualer

änneren

Zanter dem Spéithelladikum goufen d'Leit d'meeschtens ënner dem Buedem begruewen. D'Griewer waren ënner den Haiser, oder baussent de Residenzzonen op Kiefeger oder an engem Tumulus (θόλος / thólos). Dës Form geet bis an déi eelst Periode vun den Indoeuropäer a Griicheland zeréck, an d'Wuerzele sinn an de Balkankulture vum 3. Joerdausend v. Chr. bis zu der Kurgankultur ze sichen.

 
Agank vum « Graf vum Agamemnon » zu Mykene.

D'individuell Griewer waren a Form vun enger cista. Am SH I koumen och d'Grafmiwwelen op. Am Spéithelladikum gouf et och Gemeinschaftsgriewer an der Form vun engem Rechteck. Et ass schwéier ze beweisen, op déi verschidde Griewer mat enger Hierarchisatioun vun der Gesellschaft ze dinn hunn. Um Enn vun der Period koum et ëmmer méi dacks zu Anäscherungen, an déi Praxis gouf ganz wichteg am SH III C.

Zu den impressionanteste Griewer vun der mykenescher Zäit zielen d'monumental kinneklech Griewer zu Mykene. Dat berüümtste Graf ass dat "vum Agamemnon" (de "Schaz vum Atreus") an der Form vun engem Tholos. An der Géigend leien d'Griewer vun "der Klytaimnestra" an "vum Aigisthos". Hei goufen iwwerall impressionant Schätz fonnt, déi de Schliemann bei sengen Ausgrueweungen zu Mykene entdeckt huet.

Konscht a Kultur

änneren
 
Mykenesch Vas (14.-13. Joerhonnert v. Chr.).

D'Archeologie huet fir d'mykenesch Zäit vill Keramikwuere fonnt, mat ganz verschiddene Stiler. D'Gréisst vun de Vase war ënnerschiddlech. D'Modeller waren am SH III B fir d'mykenesch Welt ganz homogeen. Zu dëser Zäit ass och d'Produktioun an d'Luucht gaangen, virun allem an der Argolis, wou déi meescht Vasen hierkomm sinn, déi aus Griicheland exportéiert goufen. D'Produktioun déi fir d'Exportatioun bestëmmt war, war generell méi luxuriéis an hat gemoolten Dekore mat mythologeschen, Krichs- an Déieremotiver. Eng aner Zort Geschier aus Metall (virun allem Bronze) gouf op de mykenesche Site fonnt. Verschidde Vase waren och aus Elfebeen oder Faïence.

Grouss Statue gouf et an der mykenescher Period net. Déi meescht Statue ware kleng a reng an aus Toun, si goufe virun allem zu Phylakopi mä och zu Mykene, Tiryns an Asinè fonnt. D'Majoritéit vun dëse Statuette waren anthromorph Figuren, männlech a weiblech. Hir Bedeitung ass net sécher gekläert, mä et kann een dovun ausgoen, datt déi meescht vun dëse Statuetten als Geschenker fir d'Gëtter geduecht waren, well si op Kultplazen erëmfonnt gi sinn.

D'Molerei vun der mykenescher Zäit war staark duerch d'minoesch Molerei beaflosst. Verschidde Freske goufen an de mykenesche Palaisen erëmfonnt. D'Themen op dëse Freske si verschidden: Juegd, Kämpf, Pressiounen, mythologesch Geschichten. Op anere Freske goufen och geometresch Motiver fonnt.

Architektur

änneren

Déi grouss mykenesch Stied waren alleguer befestegt. Si konnten op Akropoleis wéi Athen oder Tiryns gebaut sinn, un engem groussen Hiwwel wéi Mykene leien, oder um Mier wéi Gla a Pylos. Nieft dëse groussen Zitadelle goufen och kleng isoléiert Festunge fonnt, déi wuel fir d'militäresch Kontroll vum Territoire zoustänneg waren. D'mykenesch Mauere goufen aus grousse Bléck gebaut, déi bis zu 8 Meter Duerchmiesser konnten hunn. Dës Bléck goufen ouni Toun openaner geluecht. Den Agank zu dëse Festunge konnte monumental Paarte sinn, Rampen awer och Galerien. Aus Angscht virun engem Ugrëff haten d'Siten och hir eege Bure fir sech am Fall vun enger Belagerung mat Waasser kënnen ze versuergen.

 
Léiwepaart zu Mykene.

D'mykenesch Siten haten och verschidden Typpe vun Haiser. Déi klengst Haiser ware quadratesch an tëscht 5 an 20 Meter breet. Hei hunn déi nidderegst sozial Schichte gewunnt. Dës Haiser haten een oder méi Säll. Méi grouss Haiser waren tëscht 20 a 35 Meter laang, hate verschidde Säll an dacks och e Bannenhaff. Si waren änlech wéi d'Palaisen organiséiert. Et ka sinn, datt hei d'Adeleg gewunnt hunn, mä dat ass ëmstridden, well d'Gebaier no beim Palais leien, kann et och sinn, datt dëst Niewegebaier waren, déi zum Palais gehéiert hunn.

Déi gréisst mykenesch Palaise goufen zu Mykene, Tiryns a Pylos fonnt. Si waren den Zentrum vun der Administratioun, wat aus den Tafelen ervirgeet, déi hei fonnt goufen. Op architektoneschem Plang ware si d'Ierwe vun de minoesche Palaisen, awer och vun anere grousse Residenzen, déi a Griicheland am Spéithelladikum gebaut goufen. Si goufe ronderëm en Ensembel vun Häff organiséiert. Den Zentrum vum Palais war de Megaron: dëst war den Trounsall dee ronderëm e ronne Foyer opgebaut war, a wou véier Saile stoungen.

Bewaffnung

änneren
 
Fresko zu Mykene wou e Schëld duergestallt ass.

An de Schätz vun der mykenescher Zäit goufen och Waffe fonnt, zu de wichtegsten Entdeckungen zielt d'Bewaffnung vun Dendra, wou de kompletten Ekipement vun engem Krieger fonnt ginn ass. Bronze Placke waren hei op Lieder gebutt, doduerch war d'Rëschtung immens schwéier, a sou gëtt dovun ausgaangen, datt dëse Krieger op engem Sträitwon suz. D'defensiv Bewaffnung déi op de mykenesche Site fonnt ginn ass, ware virun allem Helmer, dorënner och Helmer a Form vum Kapp vun engem Wëllschwäin. Zwéin Typpe vu Schëlder goufe benotzt: e Modell a Form vun enger 8 an e méi rechteckegt Schëld, wat no uewen ofgerënnt war. Dës Schëlder waren aus Holz a Lieder.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Aspis.

D'offensiv Waffe ware virun allem aus Bronze. Sou goufe Lanzen a Schwäerter a verschiddene Gréisste fonnt. Och Dolchen a Feiler hunn zu der Bewaffnung vun dëser Zäit gehéiert.

Enn vun der Mykenescher Kultur

änneren

D'Enn vun der mykenescher Period stellt d'Fuerscher virun eng Partie Problemer, déi nach ëmmer net geléist sinn, souwuel wat d'Chronologie ugeet, wéi och d'Interpretatioun vun den Evenementer.

D'Enn vun der Phas SH III B1 ass duerch Zerstéierunge markéiert, virun allem zu Mykene. Am SH III B2 sinn d'Defensivanlage vun de mykenesche Stied verbessert ginn, en Zeechen dofir, datt d'Onsécherheet an d'Luucht gaangen ass. Mä dëst war keng Kriseperiod, d'Archeologie konnt weiderhi Material fannen, wat drop hindeit, datt d'Mykenesch Zivilisatioun nach ëmmer räich war. Um Enn vun dëser Period loosse sech awer vill Zerstéierunge bei de mykenesche Siten um griichesche Festland noweisen.

 
D'Ruine vu Mykene.

Am SH III C ass d'Zuel vun de mykenesche Stied a Griicheland zeréckgaangen, deelweis ëm eng grouss Zuel jee no Regioun[3]. Aner Site wéi Mykene oder Tiryns si weider bewunnt bliwwen, an hei goufen och nach ëmmer mykenesch Spuere fonnt, déi dozou gefouert hunn, datt den SH III C als een Niveau vun der mykenescher Zivilisatioun ugesi gëtt. Gläichzäiteg huet sech awer och eng nei "barbaresch" Keramik verbreet, dësen Numm krut si well si auslänneschen Eruewerer zougeschriwwe ginn ass.

Vill Ursaache gi fir den Ënnergang vun der mykenescher Kultur an dëser Period genannt. D'natierlech Facteure wéi e Klimawandel oder Äerdbiewe ginn haut verworf. Iwwreg bleiwen zwou grouss Theorien: Vëlkerwanderungen an intern Konflikter. D'Theorie vun de Vëlkerwanderunge beschëllegt Eruewerer, d'mykenesch Siten zerstéiert ze hunn. Als Eruewerer ginn souwuel d'Dorier wéi och d'Séivëlker genannt. Allerdéngs ass vun den Dorier gewosst, datt si och scho virun dëser Zäit um griichesche Festland doheem waren, a sou ass eng "doresch Invasioun" net warscheinlech. D'Vëlkerwanderungen an sech, déi vum Balkan bis an den Noen Oste gaange sinn, an déi och an den egypteschen Inskriptiounen ernimmt ginn, déi vun Eruewerer als "Séivëlker" schwätzen, sinn eng Realitéit. Et ass och gewosst datt dës Vëlker fir vill Zerstéierungen an Anatolien an am Levante responsabel waren. D'Ernimmung vun engem Vollek mam Numm Eqwesh an engem egypteschen Text vum 12. Joerhonnert huet d'Spezialiste spekuléiere gelooss, datt d'Mykener eventuell un dësen Invasioune bedeelegt waren. Dëst ass awer weeder sécher, nach gëtt eng Äntwert op dat, wat an der griichescher Welt geschitt ass.

Bleift déi zweet Theorie, déi d'mykenesch Zivilisatioun duerch intern sozial Konflikter ënnergoe léisst. Dës Hypothees gëtt och deelweis mat der éischter Theorie genannt, andeems nieft de sozialen Divisiounen och ethnesch Divisiounen derbäigezielt ginn.

Wat och ëmmer d'Ursaache waren, sécher ass, datt d'mykenesch Kultur nom SH III C verschwonnen ass, an d'Site vu Mykene an Tiryns op en Neits zerstéiert goufen, an u Bedeitung verluer hunn. Dëst Enn, wat op déi lescht Jore vum 12. Joerhonnert datéiert gëtt, koum no engem luesen Néiergang, dee vill Jore gebraucht huet, bis d'mykenesch Zivilisatioun verschwonnen ass. Den Ufank vum 11. Joerhonnert huet en neie Kontext opgemaach, dee vum Proto-geometreschen an domat dem geometreschen Zäitalter, déi sougenanntn Däischter Zäitalteren an der traditioneller Historiographie.

Literatur zum Theema

änneren
  • "Les Mycéniens. Des Grecs du IIe millénaire" in: Les Dossiers d'Archéologie, n° 195, 1994.
  • John Chadwick, The Mycenaean World, Cambridge University Press, 1976. (ISBN 0521290376)
  • John Chadwick, Le déchiffrement du linéaire B, Gallimard, 1972.
  • John Chadwick, Corpus of Mycenaean Inscriptions from Knossos, 4 Bänn, Cambridge University Press, 1987–1999.
  • Isabelle Ozanne, Les Mycéniens, paysans, pillards et poètes, Armand Colin, Paräis, 1992. (ISBN 2200212461)
  • Jean-Claude Poursat, La Grèce préclassique, des origines à la fin du VIe siècle, Éd. du Seuil, Paräis, 1995. (ISBN 2-02-013127-7)
  • René Treuil, Pascal Darque, Jean-Claude Poursat a Gilles Touchais, Les Civilisations égéennes du Néolithique et de l'Âge du Bronze, PUF, Paräis, 1990. (ISBN 2130422802)

Um Spaweck

änneren
Commons: Mykenesch Kultur – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten

änneren
  1. Arne Furumark, Mycenaean Pottery, Band II: Chronology, 1941.
  2. Chr. Piteros, J.-P. Olivier a J.-L. Melena, « Les inscriptions en linéaire B des nodules de Thèbes (1982): la fouilles, les documents, les possibilités d'interprétation », Bulletin de correspondance hellénique, 114 (1990), S. 103–184.
  3. 9/10 vun de Siten a Böotien si verschwonnen, 2/3 an der Argolis