Sizilien
Sizilien (ital. Sicilia) ass eng Insel am Mëttelmier déi zu Italie gehéiert.
![]() | |
Verwaltung | |
---|---|
Land |
![]() |
Haaptstad | Palermo |
Provënzen |
Metropolstad Palermo Metropolstad Catania Metropolstad Messina Gemengekonsortium Agrigento Gemengekonsortium Caltanissetta Gemengekonsortium Enna Gemengekonsortium Ragus Gemengekonsortium Siracusa Gemengekonsortium Trapani |
Gemengen | 377 |
ISO | IT-82 |
Demographie/Geographie | |
Awunner | 5 032 818 |
Fläch | 25 709 km² |
![]() | |
Geographesch Konstellatioun a BevëlkerungÄnneren
Sizilien huet eng Uewerfläch vu 25.709 km² an zielt 5,1 Mio. Awunner. Nodeem griichesch Siidler vu 750 v. Christus der Insel hire Cachet opgedréckt haten, koum Sizilie sukzessiv wärend begrenzten Zäiten ënner d'Herrschaft vun de Réimer, de Goten, de Byzantiner, den Araber, den Normannen, de Bourbonen an de Spuenier. Eréischt 1860 ass Sizilien duerch de Garibaldi an italieenesch Hand komm.
D'Haaptstad vu Sizilien ass Palermo. Aner grouss Stied a Sizilie sinn:
- Catania (313.110 Aw.),
- Messina (252.026 Aw.),
- Syrakus (123.657 Aw.),
- Gela (72.774 Aw.),
- Trapani (68.346 Aw.),
- Caltanissetta (61.438 Aw.),
- Agrigento (54.619 Aw.),
- Ragusa (68.956 Aw.),
- Marsala (50.000 Ew.) an
- Enna (28.983 Aw.).
All dës Stied an doriwwer eraus, och Taormina, si vum Tourismus staark opgesicht.
Un der nërdlecher Spëtz vu Sizilie läit Messina. Dës Spëtz ass vum kontinentalen Italien, méi genee vu Calabrien, duerch eng schmuel Mieresstrooss, d'Strooss vu Messina, getrennt.
Politesch ËnnerglidderungÄnneren
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Politesch gesinn, gliddert Sizilie sech an néng Provënzen: Agrigent, Caltanissetta, Caltania, Enna, Messina, Palermo, Ragusa, Syracus an Trapani.
VulkanerÄnneren
Den héchste Bierg op Sizilien ass den Etna mat 3.323 Meter, de gréissten an aktiivste Vulkan an Europa. De Stromboli, den zweeten aktive Vulkan, steet op der Insel mam selwechten Numm nërdlech vu Messina.
BevëlkerungÄnneren
D'Leit op Sizilien schwätzen eng sizilianesch Variant vum Italieeneschen. Déi grouss Majoritéit si Katholicken. Ongeféier eng Millioun Sizilianer liewen am Ausland.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sizilien – Biller, Videoen oder Audiodateien |