D'Kierch zu Schëtter ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schëtter gehéiert.

Kierch vu Schëtter

Uertschaft / Plaz Schëtter
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Proprietär Kierchefong[1]
Koordinaten 49° 37’ 26.5’’ N
      06° 16’ 07.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

D'Kierch steet op der Place de l'église, déi un der Haaptstrooss, dem CR132 läit. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Schëtter gehéiert ausser der d'Parkierch vu Schëtter och nach d'Scoutekapell vum Neihaischen.

Klacken änneren

D'Kierch vu Schëtter huet 4 Klacken am Tuerm déi am Toun La, Sol, Fa an Do oder och ënnert der Dispositioun c", a', g' f' lauden. Déi zwou kleng Klacke sinn aus dem Joer 1848 an déi zwou grouss Klacke sinn 1948, honnert Joer méi spéit an den Tuerm komm.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Schëtter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).