Bréck vu Stolzebuerg

däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our


D'Bréck vu Stolzebuerg ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck mat engem Wier iwwer d'Our tëscht Stolzebuerg zu Lëtzebuerg a Käppessen an Däitschland.

Bréck vu Stolzebuerg
Bréck a Wier vu Stolzebuerg
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Stolzebuerg
Käppessen
Flosskilometer 20,080
Koordinaten 49° 57’ 48.0’’ N° 06’ 10’’ 11.3
49° 57’ 48.7’’ N° 06’ 10’’ 13.4
Chronologie
Baujoer < 1815
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1956
Ofgerappt 1961
Neibau 1963
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 1
Uschloss un N 10E
K47
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Längt tëscht Widderlager 51,15 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 16,00 - 16,00 - 13,65 m
Breet 2,50 m (Fuerbunn)
4,30 m (iwwer alles)
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär SEO
Ënnerhalt Lëtzebuerg
Äifelkrees Béibreg-Prüm

Si ass 1963 a Betrib geholl ginn an huet eng Bréck ersat déi eréischt 1956 gebaut gi war.

Déi nei Bréck ass eng Dunne-Plackebréck aus arméiertem Bëtong mat 4 Dunnen iwwer déi zwee Felder iwwer dem Wier, an eng normal arméiert Bëtongsplack iwwer d'Feld dat op der däitscher Säit ustéisst. Se ass am arméierte Bëtong gebaut an ass 51,15 m laang. Déi 2 Feldwäiten um Damm sinn allen zwou 16 m laang.

D'Tëschewier iwwer dat d'Bréck féiert huet zwou automatesch gesteiert Wierpaarten, an am Wier lafen zwou Kaplanturbinne bei enger Waasserspigeldifferenz vun 3 Meter an engem Duerchfloss vun 2 Meter Kibb an der Sekonn pro Turbinn, woubäi all Turbinn 32,5 Kilowatt leescht.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Gemünd (flossop) an d'Foussgängerbréck bei der SEO (flossof).

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck vu Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien