Kierch Selschent

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Selschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.

Kierch vu Selschent
Filialkierch vu Selschent (2014)

Filialkierch vu Selschent (2014)
Filialkierch vu Selschent (2014)
Uertschaft / Plaz Selschent
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Amandus
Koordinaten 50° 1’ 2.5’’ N
      5° 56’ 50.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Amandus, deem säi Fest de 6. Februar gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum Kierchewee mat der Duerfstrooss, dem CR330. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Op der Ostsäit steet eng grouss Jesus-Statu virun der Kierch mat enger Gedenktafel vir Affer vum Zweete Weltkrich.

Zur fréierer Par Knapphouschent gehéiert ausser der Filialkierch vu Selschent och nach d'Parkierch vu Knapphouschent.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf ënner dem Paschtouer Emile Schäeffers an den 1960er Jore restauréiert. Beim Agank ass ee ganz alen Dafsteen an der Mauer ze gesinn. Zu Selschent lauden zwou Klacke vun der Firma Bour & Guenser aus dem Joer 1904.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Knapphouschent, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Knapphouschent huet ausser der Kierch vu Selschent och nach d'Parkierch vu Knapphouschent gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Selschent – Biller, Videoen oder Audiodateien