Kierch Steenem

Kierch vu Steenem
Uertschaft / Plaz Steenem
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Koordinaten 49° 49’ 08.5’’ N
      06° 28’ 43’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Steenem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.

De Chouer

D'Kierch ass der Mariä Himmelfaart geweit. De Festdag ass de 15. August.

D'Kierch steet an der Duerfstrooss (rue du Village) un engem klenge Säitewee dee bis bei d'Sauer féiert.

D'Kierch vu Steenem ass, mam Terrain wourop se steet, zanter dem 13. August 1984 als Inventaire supplémentaire an der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen. Den 23. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Kierch vu bannenÄnneren

De Relief vun der Kräizegungsszene an der Mëtt vum Haaptaltor (och de Kräizwee?) ass vun der lëtzebuergescher Sculptrice Charlotte Engels.

D'Freskemolerei um Chouerbou ass vum Ignatius Millim.

LiteraturÄnneren

  • Roger Majerus, Guy Ney, René Hauer. Marc Roeder, Marie-Josée Dahm, Yvette-Roeder Werdel, Mariette Wehenkel-Decker: 704-2004 1300 Joar Steenem, Dréckerei Linden, Lëtzebuerg, 2004.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kierch Steenem – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 22. Februar 2023).