Kierch Schlënnermanescht

D'Kierch zu Schlënnermanescht ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

Kierch vu Schlënnermanescht
Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)

Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)
Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)
Uertschaft / Plaz Schlënnermanescht
Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Koordinaten 49° 55’ 58.1’’ N
      06° 03’ 45.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes geweit. D'Fest gëtt den 8. September gefeiert.

Se steet an der Haaptstrooss, dem CR348.

Zur fréierer Par Schlënnermanescht gehéiert ausser der Parkierch vun Schlënnermanescht och nach d' Kapell vun Uewerschlënner.

Geschicht änneren

D'Par Schlënnermanescht gouf am Joer 1804 mat eegener Verwaltung an engem eegene Paschtouer gegrënnt. Zur fréierer Par gehéieren och nach d'Giewelsmillen, de Fridbësch an d'Ënner- an Uewerschlënner. Fir d'200-Joerfeier vun der Par krut d'Kierch vu Schlënnermanescht am Joer 2004 zwou nei Klacken.

Fënsteren änneren

D'Fënstere si vum Émile Probst an deem senger Fra Denise Probst-Massin.

Klacken änneren

Klack Toun Opschrëft Géisserei Joer Gewiicht
Maria Si b' (h) VOCO VOS AD MARIAM PATRONAM
Schlindermanderscheid 1891
F. & A. Causard
Colmar
1891 400 kg
Anna Do" (C) VIVOS VOCO MORTUOS PLANGO FULGURA FRANGO
Schlindermanderscheid 1891
F. & A. Causard 1891 280 kg
Joseph
und
Joachim
Re" (Des") HELLEGE JOUSEF, HELLEGE JOACHIM ECH LAUDEN ZESUMMEN MAT DER HL. MARIA AN DER HL. ANNA FIR EIS FAMILJEN, EIS KANNER, EIS JUGENDLECH
200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 2004
H. Schmit & Söhne
Brockscheid
2004 250 kg
Teresa Mi b" (Es") HELLEG TERESA ECH LAUDEN FIR TROUSCHT ZE SCHENKEN DEN AARMEN AN DE KRANKEN, AN DEENEN DÉI UM STIERWE LEIEN
200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 200
H. Schmit & Söhne 2004 180 kg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien