D'Kierch zu Stroossen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Bartreng–Stroossen Saint-Jean XXIII an zu der Gemeng Stroossen gehéiert.

Kierch vu Stroossen
Parkierch vu Stroossen (2006)

Parkierch vu Stroossen (2006)
Parkierch vu Stroossen (2006)
Uertschaft / Plaz Stroossen
Par Bartreng–Stroossen
Saint-Jean XXIII
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Baujoer 1827
Koordinaten 49° 37’ 05.2’’ N
      06° 04’ 11.2’’ O
De Banneraum vum Duxall aus gesinn

De Banneraum vum Duxall aus gesinn
De Banneraum vum Duxall aus gesinn
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.

Se steet tëscht der rue de l'Église an der rue des Prés. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

1804 gouf Stroossen eng eegestänneg Par an déi éischt Parkierch gouf vun 1826 - 1827 gebaut. Schonn 1843 huet d'Kierch misse vergréissert ginn an den 9. November 1843 gouf déi vergréissert Kierch konsekréiert. 1935 gouf d'Kierch restauréiert an et goufe Klacken ugeschaaft. 1952 gouf eng Uergel vun der Uergelmanufaktur Haupt installéiert. Eng zweet Restauréierung war tëscht 1991 an 1994.

D'Gebai änneren

D'Fënsteren änneren

D'Fënstere si vun der Firma Linster Frères vu Munneref a vum lëtzebuergesche Glaskënschtler Ben Heyart.

Déi nei Digital-Uergel änneren

2005 krut d'Kierch eng nei Allan Digital-Uergel.

Klacken änneren

Déi dräi Klacke vun der Stroossener Parkierch lauden an den Téin gis' fis' e'

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien