Mathieu Lamberty

belsch - lëtzebuergeschen Organist
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mathieu Lamberty, gebuer den 18. Juni 1911 zu Molenbeek an der Belsch, a gestuerwen de 16. Dezember 1993 zu Lëtzebuerg[1], war e Komponist, Dirigent an Organist. Nodeem en an der Belsch Professer an engem Lycée war[Source?], ass en op Lëtzebuerg komm. Nom Zweete Weltkrich huet hien um Belair d'Uergel gespillt. Hie war Museksprofesser an der Industrieschoul[2] um Lampertsbierg.

Mathieu Lamberty
Gebuer 18. Juni 1911
Molenbeek-Saint-Jean
Gestuerwen 16. Dezember 1993
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Organist, Komponist, Lycéesprofesser

De Mathieu Lamberty huet geeschtlech a weltlech Musek komponéiert, Arrangementer, ënner anerem fir de Varieté vun der Nationalloterie, an och eng Operett, De Clochard.[3]

Wierker änneren

  • Mein Elternhaus
  • De Muselwäin [4]
  • Hei kann ech net bleiwen
  • Domine salvam fac (1935)
  • Compositions (1992)
  • An der grousser hellger Nuecht

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren


Referenzen änneren

  1. https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LAMBERTY-Mathieu.pdf
  2. https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LAMBERTY-Mathieu.pdf
  3. Luxemburger Lexikon - Das Grossherzogtum von A - Z, S. 238
  4. https://www.youtube.com/watch?v=FeD345cUKwA
  5. Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022