De Robert Bruch, gebuer den 29. Januar 1920 zu Bouneweg a gestuerwen den 22. Juli 1959 an engem Autosaccident zu Sandweiler, ass ee vun deene Lëtzebuerger Philologen an Dialektologen, déi am Ausland am meeschte bekannt sinn.

Robert Bruch
De Robert Bruch, (c)Nationalbibliothéik
Gebuer 29. Januar 1920
Bouneweg
Gestuerwen 22. Juli 1959
Sandweiler
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dialektolog, Philolog, Linguist

Biographie änneren

De Robert Bruch huet am Atheneum zu Lëtzebuerg studéiert an zugläich och déi béis Virkrichs- an nationalsozialistesch Annexiounsjore materlieft. Kuerz agespaart, dunn ënner Opsiicht, konnt hie germanesch a romanesch Philologie studéieren, fir d'éischt zu München an dann zu Erlangen. Da koum d'Zwangsrekrutéierung an d'Wehrmacht, d'Russlandfront an d'Gefaangenelager zu Tambow. Enn 1945 koum hien an d'Land zeréck. 1946 huet e Philologie zu Paräis op der Sorbonne studéiert. Zugläich gouf en och dee jéngste Member a Sekretär-Redakter vun der nei ernannter Dictionnairescommissioun. 1951-1952 huet de Robert Bruch e Studienopenthalt beim Walther Mitzka am Archiv vum Däitsche Sproochatlas zu Marburg gemaach. 1953 gouf säin Haaptwierk Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen publizéiert.

De Robert Bruch war Professer am Jongelycée um Lampertsbierg an huet och gär a pedagogesche Froen e Wiertche matgeschwat.

Den 22. Juli 1959 ass deen international bekannte Sproochwëssenschaftler an engem Autosaccident ëmkomm.

Theesen änneren

De Robert Bruch ass speziell bekannt duerch seng ëmstridden, mä groussaarteg Dokterthees vum "westfränkesche Krees". A senger Dokteraarbecht Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen huet hie sech fir d'West-Ost-Stréimungen an der europäescher Vëlkerwanderung agesat, an dat zousätzlech zu deem vum Süden aus gezeechente bekannte "rheinische Fächer", deen allgemeng ervirgehuewe gouf, a géint d'Opfaasung vun der Bonner Schoul, déi nëmmen op d' Ost-West-Stréimungen higewisen hat. Mat allméiglechen ethnokulturellen a sproochlechen Argumenter versicht de Bruch d'Thees vum groussen Abenteuer vun de Franken z'ënnerstëtzen. Engersäits wieren d'Ripuarier aus dem Nord-Osten de Rhäin an d'Musel erof bis an d'alemannescht Elsass an an d'Schwäiz komm. Anerersäits hätten d'Salier sech an Ost-West-Stréimunge duerch Nordeuropa beweegt an dann, no Süden hin, d'Île-de-France an de Paräisser Baseng vun haut besidelt, éier se nees, méi oder manner zweesproocheg, géint den Osten hi bis an d'Loutrengen an d'Saar virgestouss wieren. D'Franken hätte sech sou ëm d'5. Joerhonnert erëm vereenegt (Clovis I.!). E groussen Deel vun der Sproochegrenz a vun der méisproocheger Kultur an eise Géigende géif sech och domat erkläre loossen.

Dem imaginative Robert Bruch seng grandios Thees gouf ufanks vun däitschsproochege Spezialiste kritiséiert (Bach, Frings, Steinbach), mä si ass och begeeschtert vun aneren Experte vu Marburg (Mitzka) a Paräis (Fourquet, G. Zink) ugeholl ginn. Zu Lëtzebuerg ass se ganz gutt ukomm, soudatt se vill zur offizieller "mythescher" Opfaassung bäigedroen huet, déi aus dem Land a senger Sprooch e "Land an der Mëtt", en "État d'entre-deux", en Uert vun der "Koexistenz vun de romaneschen a germanesche Welten", kuerz e "multikulturelle Mikrokosmos am Häerz vum Europa" mécht. Dës Mischkultur als "lëtzebuergescht Bestëmmungs- an Identitéitszeechen" géif sech dann och am Lëtzebuergeschen als spezifesche germaneschen Dialekt refletéieren, dee sech eng Hellewull vu romaneschen, wallouneschen a franséische Charakteristiken agegliddert hätt.

Dat ass näischt Aneschtes wéi eng Emblematiséierung vum Philolog an Dialektolog Robert Bruch, eng kulturpolitesch Konstruktioun déi dacks mëssbraucht gouf a gëtt. (Cf. Jean-Paul Hoffmann: "Dëm Robert Bruch seng Geschicht vum Lëtzebuergeschen ass am Laf vun de Joerzéngten zu engem reegelrechte Mythos ginn, - dem Grënnungsmythos vun der sproochlecher Identitéit als där eigentlecher Basis vun deem, wat et heescht, Lëtzebuerger ze sinn"[Source?]).

Säi Wierk änneren

Säin Haaptwierk änneren

  • Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen Teil 1-3, Luxemburg, Linden, 1953-1954 2 Bände. - Band 1: Teil 1. Das Zeugnis der Geschichte. Teil 2. Das Zeugnis der Luxemburger Mundarten. VIII-262 S. 1953. - Band 2: Teil 3. Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis. VII-154 S. 1954. Publications littéraires et scientifiques du Ministère de l'Education nationale 1. 2.

Seng Kuerzgrammatik änneren

  • Précis populaire de grammaire luxembourgeoise. Luxemburger Grammatik in volkstümlichen Abriß, Luxembourg, Linden, 1955 / 1956 / 1968 / 1973 123 pages (zweesproocheg; méi diachronesch orientéiert)

Seng Iwwersetzung änneren

  • Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel op lëtzebuergesch erzielt, Luxembourg, Imprimerie Bourg-Bourger, 67 S., 1960
Neioplag 2013: Mosella Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel op lëtzebuergesch erzielt vum Robert Bruch; Mat zousätzlechen Erklärungen zu den Texter; Illustratioune Ben Heyart aus der Originalausgab vun 1960; erausgi vum Joseph Groben ënner Matwierkung vum Lex Roth, Verlag Michael Weyand, Tréier; Juni 2013; 120 S. ISBN 978-3-942 429 03-0

Posthum änneren

  • Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas (herausgegeben von Ludwig Erich Schmitt, für den Druck vorbereitet von Jan Goossens). Publications Nationales du Ministère des Arts et Sciences. Marburg, Elwert, 16 S 175 Karten. (Am Internet: Digitaler Luxemburgischer Sprachatlas www.luxsa.info/ Online Versioun Oplo 1963: engelmann.uni.lu/lsa/‎)
  • Glossarium Epternacense. Spätalthochdeutsche Glossen aus Echternach. Tatsachen und Quellen, Wörter und Namen. Publications Nationales du Ministère des Arts et Sciences. Luxemburg, Linden, 1964/1965
  • Bruch, R., Gesammelte Aufsätze. Hrsg von C. Hury und F. Hoffmann. Luxemburg, 1969. (Mat enger detailléierter Bibliographie vum Robert Bruch: 237-245)

Artikelen: Dialektologie änneren

(Bäiträg iwwer Literatur a pedagogesch Froe fënnt een och in: Hess J., Robert Bruch, Bulletin Linguistique et Ethnologique, Luxembourg, Institut Grand-Ducal..., fasc. 10 (1963), 42 à 50)

  • 1949: La vélarisation ripuaire des occlusives dentales.
    • Zur Diminutivbildung im Luxemburgischen.
  • 1950: La famille <Back>, <Bootsch>, <Bok>.
  • 1952: Die Mundart des Nordöslings.
  • 1953: Luxemburger Linguistik.
    • Mittelfränkische Relikte des Zwischenstadiums der Affrikata in der Lautverschiebung zur Spirans kraits <Kreis>.
    • Les travaux de la Commission de rédaction du Dictionnaire luxembourgeois.
    • Chemin de fer et patois. Essai de sémantique ferroviaire luxembourgeoise.
  • 1954: Aspects linguistiques du Luxembourg.
    • A cheval sur la frontière linguistique: un circuit francique en Europe occidentale (Orbis 3, 34-42).
    • Luxemburger Sprache, Luxemburger Eigensinn.
  • 1955: Die Lautverschiebung bei den Westfranken.
    • Der Pflug in der Mundart.
  • 1956: Miselesch. Kleiner Atlas der Luxemburger Mundarten.
    • Sprache und Geschichte.
    • Westfränkische Sprachströmungen in Mitteldeutschland.
  • 1957: Sprachliches vom Grummet.
  • 1958: Hol iwer! Sprachgrenzen und Mundartbrücken zwischen Eifel-Saargau, Lothringen und Luxemburg.
  • 1963: Germanische und romanische ê- und ô- Diphtongierungen.**Siebenbürgen, End- und Höhepunkte westfränkischer Sprachexpansion.
  • 1966: Die Mundart von Schässburg in Siebenbürgen.

Auszeechnungen änneren

Nom Robert Bruch benannt änneren

Bibliographie änneren

  • Kayser, E., 2003: Robert BRUCH 1920-1959; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 417-418; Lëtzebuerg (Éditions Saint-Paul), Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial A N°12 vun 1958 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen