Vun engem Concours (vum lat. concurrere "zesummelafen") schwätzt een, wa méi Konkurenten no festgeluechte Konditioune sech ëm e Präis, e Gewënn oder soss eppes Erstriewenswäertes unenee moossen.

Dat kann e Rätsel sinn, wou dee mat de meeschte richtegen Äntwerten ermëttelt gëtt; et kann awer och eng Zort Opnam-Prüfung sinn, z. B. fir an eng Carrière bei enger ëffentlecher Administratioun oder enger bestëmmter (Héich-)Schoul.

Och bei ëffentlechen Ausschreiwunge fir Bauwierker, déi sech un Architekte riichten, gëtt vu Concours geschwat, well do um Enn een Entworf zeréckgehale gëtt.

Bei Sport schwätzt een éischter vu Kompetitioun, am méi allgemenge Sënn vu Konkurrenz.