Secondaire (Lëtzebuerg)

Schoulausbildung no der Grondschoul

De Secondaire ((fr) enseignement secondaire) zu Lëtzebuerg ass d'Schoulausbildung no der Grondschoul a besteet aus dem klasseschem, generellem oder berufflechem Unterrecht. De Secondaire gëtt vun den ëffentleche Schoulen (an der Haaptsaach Lycéeën), Privatschoulen an den Europaschoulen assuréiert. Bei de Privatschoule gëtt et déi, déi d'offiziell Programmer vum Ministère applizéieren an déi, déi no anere Programmer funktionéieren.

Fir all Schüler, déi zu Lëtzebuerg wunnen, ass de Secondaire an den ëffentleche Schoule gratis.

Klasseschen Enseignement änneren

en De Classique oder klasseschen Enseignement ((fr) enseignement secondaire classique, ESC) preparéiert d'Schüler iwwer siwe Joer op der Basis vun enger komplexer Allgemengbildung op en zukünftegen Héichschoulstudium, absënns op enger Universitéit[1][2].

D'Zil vum Classique ass et fir allgemeng Kenntnesser an de Beräicher vun den Humanwëssenschaften, der Literatur, der Mathematik an den Naturwëssenschaften ze vermëttelen. E gëtt mat engem Diplôme de fin d'études secondaires classiques ofgeschloss.

Den haitege « enseignement secondaire classique » huet bis 2017 « enseignement secondaire » geheescht[3].

De Classique ass agedeelt an:

  • déi ënnescht Klassen (7e, 6e, 5e) an
  • déi iewescht Klassen (4e, 3e, 2e a 1re).

Vu 6e u kënnen d'Schüler tëscht Englesch, Latäin a Chineesesch[4] wielen a vu 5e un hunn d'Schüler alleguer Englesch um Programm. No der 4e mussen d'Schüler sech fir eng vun aacht Sektiounen decidéieren:

Generellen Enseignement änneren

Am General oder generellem Enseignement ((fr) enseignement secondaire général, ESG) kréien d'Schüler iwwer siwe Joer eng Allgemengbildung, déi s'op eng Héichschoulerzéiung an eng Beruffsausbildung virbereet[1]. De General schléisst mam Diplôme de fin d'études secondaires générales of, mat deem d'Schüler déi selwecht Rechter hu wéi nom Classique a se deemno entweeder hir Studie fortsetzen oder schaffe goe kënnen.

Den haitege « enseignement secondaire général » huet bis 2017 « enseignement secondaire technique » geheescht[3].

Am General gëtt et :

  • déi ënnescht Klassen (7e, 6e, 5e) vun der Voie d'orientation oder der Voie de préparation an
  • déi iewescht Klassen (4e, 3e, 2e a 1re).

Jee nodeem, wéi de Schüler seng 5e générale d'orientation (oder 5e générale d'adaptation) ofgeschloss huet, kann en entweeder mat enger berufflecher Éischtausbildung ((fr) formation professionnelle initiale) oder an enger vu fënnef Fachrichtunge virufueren:

  • Verwaltungs- an Handelswiesen
  • Gesondheets- a sozial Beruffer
  • Allgemeng Technik
  • Konscht
  • Hotellerie an Touristik

All Fachrichtung ka verschidde Sektiounen ëmfaassen.

Den Unterrecht an der Voie de préparation ass modular opgebaut an all Schüler ka säi Léierrhythmus selwer festleeën. Jee nodeem, wéi en ofgeschloss huet, kann en um Enn vun der 5e mat:

  • enger berufflecher Grond- oder Éischtausbildung ((fr) formation professionnelle de base initiale);
  • enger 5e d'adaptation oder
  • enger berufflecher Aféierung ((fr) classe d'initiation professionnelle)

weidermaachen.

Verschidde Lycéeë bidden Ausbildungen a ganz spezifesche Beräicher un, sou z. B. d'Hotels- an Tourismusschoul zu Dikrech, d'Akerbauschoul zu Gilsdref, de Lycée fir Edukativ- a Sozialberuffer grad ewéi de Lycée fir Gesondheetsberuffer.

Berufflechen Enseignement änneren

De Professionnel oder berufflechen Enseignement ((fr) formation professionnelle) gehéiert zur Grondausbildung, déi am Kader vum Secondaire ugebuede gëtt. E bitt eng breet Gamm u Formatiounen un an erlaabt et jonke Leit, eng zertifiéiert Qualifikatioun ze kréien.

D'berufflech Grondausbildung ((fr) formation professionnelle initiale) déi am mëttelsten an ieweschten Zyklus vun de Lycéeën ugebuede gëtt, bitt deene Jonken en allgemengen, theoreeteschen a prakteschen Unterrecht, deen hinnen et erméiglecht, eng berufflech Qualifikatioun ze kréien a mat engem offiziellen Diplom oder Certificat ofzeschléissen. D'berufflech Grondausbildung proposéiert eng 120 Formatiounen, déi op d'Beruffswelt ausgeriicht sinn.

D'Ziler vun der berufflecher Ausbildung sinn abënns[5]:

  • deene Jonken an Erwuessenen et duerch eng besser Qualifikatioun méi einfach ze maachen, sech an d'ekonomescht an d'soziaalt Liewen ze integréieren;
  • den Zougang zum Lifelong Learning ze vereinfachen;
  • den Taux vun de Mësserfolleger an d'Zuel vun de Jonken, déi d'Schoul ouni Ofschloss verloossen, erofzesetzen.

Et gëtt dräi verschidde Méiglechkeete fir eng Qualifikatioun ze maachen:

  • de Certificat de capacité professionnelle (CCP) mat enger Ausbildungsdauer vun dräi 3 Joer;
  • den Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP), iwwer dräi Joer;
  • den Techniker-Diplom ((fr) diplôme de technicien, DT), iwwer véier Joer.

Déi Schüler, déi net déi néideg Virkenntnesser hunn, fir en CCP ze maachen, kënnen a berufflech Orientéierungs- an Aféierungscoursë goen ((fr) cours d'orientation et d'initiation professionnelles, COIP), déi vun den nationalen Zentre fir berufflech Weiderbildung ((fr) centres nationaux de formation professionnelle continue, CNFPC) oder den allgemenge Lycéeën organiséiert ginn.

Nieft dem Secondaire begräift d'Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg och nach d'berufflech Weiderbildung, déi liewenslaang méiglech ass, grad wéi d'Validéierung vun de Beruffserfarungen a Form vun enger zertifiéierter berufflecher Qualifikatioun op Basis vun de Kompetenzen, déi een sech als Salarié oder Selbstännegen erschafft huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Loi du 25 juin 2004 portant organisation des lycées et lycées techniques – Art. 1bis. legilux.lu (25.06.2004). Gekuckt de(n) 18.09.2022.
  2. Loi du 10 mai 1968 portant réforme de l'enseignement (Titre VI: De l'enseignement secondaire) – Art. 46. legilux.lu (10.05.1968). Gekuckt de(n) 18.09.2022.
  3. 3,0 3,1 Loi du 29 août 2017 portant sur l'enseignement secondaire et modifiant 1. la loi modifiée du 25 juin 2004 portant organisation des lycées et lycées techniques (…) – Art. 1. legilux.lu (29.08.2017). Gekuckt de(n) 18.09.2022.
  4. nëmmen am Athénée de Luxembourg
  5. Loi du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle – Art. 1. legilux.lu (19.12.2008). Gekuckt de(n) 18.09.2022.
  • Quell vum Artikel: déi eenzel Gesetzestexter an d'Informatiounssäite vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (kuckt: Um Spaweck) (Stand September 2022)