De Jules Speller, gebuer 1943, ass e lëtzebuergesche Philosophiesprofesser, Philosoph an Auteur.

Jules Speller
Gebuer 1943
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jules Speller huet Philosophie, Altphilologie a Romanistik an der Stad Lëtzebuerg (Cours supérieurs), zu Stroossbuerg, Caen a Würzburg studéiert. Am Kader vum lëtzebuergeschen Doktorat huet hien, 1969, eng Thees verdeedegt iwwer Die Rolle der Sprache in der allgemeinen Erkenntnistheorie Robert Reinigers.

Hie war eng Zäit Dozent fir Logik, an du Professer fir Philosophie am Département de droit et des sciences économiques vum fréiere Centre universitaire de Luxembourg (CunLux), dem Virgänger vun der haiteger Universitéit Lëtzebuerg. Hien huet awer haaptsächlech als Professer am Stater Jongelycée geschafft (1969-2003).

Dem Jules Speller säin Hobby ass d'Musek, iwwer déi hien och mol schreift.

Publikatiounen (Bicher) änneren

  • Mozarts Zauberflöte - Eine kritische Auseinandersetzung um ihre Deutung ; Oldenburg (Igel Verlag; Reihe Wissenschaft), 1998; 249 Säiten. ISBN 3-89621-084-X
  • Galileo's Inquisition Trial Revisited ; Bern (Peter Lang Europäischer Verlag), 2008; 431 Säiten.