Nicolas Ries
Den Nicolas (och Nikolaus) Ries, gebuer den 28. Oktober 1876 zu Fluessweiler, a gestuerwen de 7. Mee 1941 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur, deen ë. a. och ënner de Pseudonymer Jean Vedruns, Philinthe, Lepékin, Jean de la Cluse, Alceste oder Vatel-Le-Jeune geschriwwen huet.
Nicolas Ries | |
---|---|
Gebuer |
28. Oktober 1876 Fluessweiler |
Gestuerwen |
7. Mee 1941 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Member vun | Société des écrivains luxembourgeois de langue française, Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal |
Stroosseschëld an der Stad Lëtzebuerg | |
Liewen a Karriär
ännerenDen Nicolas Ries, deen aus enger Wënzer- a Bauerefamill koum, war Lycéesprofesser. Hien huet Essayen, Romaner, en Theaterstéck, Sach- a Reesbicher, an eng sëllegen Artikele fir Zeitungen an Zäitchrëfte geschriwwen, dorënner am Tageblatt an am Landwirth, an huet och gezeechent.
Hien huet 1923 zu de Matgrënner vu Les Cahiers luxembourgeois gezielt a war bis 1940 hiren Editeur a Redaktiounssekretär. 1934 war hien och Matgrënner vun der SELF. Hie war Member vun den Amitiés françaises, der Alliance française, der APESS an der literarescher Sektioun vum Institut grand-ducal. Ausserdeem war den Nicolas Ries President a Bibliothecaire vun de Volleksbildungsveräiner.
D'Plaz vis-à-vis vun der Gemeng vu Fluessweiler dréit dem Nicolas Ries säin Numm; si ass den 3. Oktober 2013 ageweit ginn.[1] Och an der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng Rue Nicolas-Ries.
Wierker (Auswiel)
ännerenEssayen
änneren- 1909. Die Luxemburger Sprichwörter: eine kulturgeschichtlich-psychologische Untersuchung. 101 p. J. Schroell, Diekirch.
- 1911. Le dualisme linguistique et psychique du peuple luxembourgeois. Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1910-1911, Gymnase grand-ducal de Diekirch. pp. 3–43. J. Schroell, Diekirch.
- 1911. Essai d'une psychologie du peuple luxembourgeois. 318 p. J. Schroell, Diekirch.
- 1916. Die Grundlagen der Demokratie. 23 p. Gustav Soupert, Luxemburg.
- 1920. Le peuple luxembourgeois. Essai de psychologie. 294 p. 2ième édition revue et augmentée. Éd. Paul Schroell, Diekirch. Imprimerie J. Schroell, Diekirch.
Romaner
änneren- 1936. Le diable aux champs: simple histoire. 262 p. Ed. des Cahiers luxembourgeois. J.P. Worré, Luxembourg.
- 1940. Sens unique. 303 p. Luxembourg: Les cahiers luxembourgeois.
- ëm 1940. Le boxeur impénitent. Manuskript.
Theaterstécker
änneren- 1899. Johann der Blinde oder Ritter und König. Manuskript.
Artikelen
änneren- 1927. Le sourire de Philinthe: propos quotidiens. Anthologie. 238 p. P. Schroell, Luxembourg.
- 1934. Vorstadt-Chronik. An: Société de gymnastique Clausen, 1934. 1884-1934: Livre d'or édité à l'occasion de son 50me anniversaire. Luxembourg.
- 1939. Panorama de Bourscheid. Les cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts, 16, n° 1: 9-22. Luxembourg.
Sach- a Reesbicher
änneren- 1928. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 159 p. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.
- 1928. Das romantische Luxemburg. 159 p. Luxemburger Verlagsanstalt Dr. R. Hausemer, Luxemburg (Luxemburger Kunstdruckerei). [däitsch Iwwersetzung vun: Le beau pays de Luxembourg]
- 1932. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 2e éd., 156 p., 165 ill. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.
Weider Publikatiounen
änneren- 1929. Salon de la Sécession: du 29 juin au 15 juillet 1929: Palais municipal de Luxembourg. 18 p. F. Bourg-Bourger, Luxembourg-Gare. Bedeelegt Kënschtler: Claus Cito, Michel Haagen, Lou Hammerel, Joseph Kutter, Jemp Michels, Harry Rabinger, Auguste Trémont.
Literatur
änneren- Conter, Claude D., 2007. Ries, Nicolas. S. 507-508 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
Referenzen
änneren- ↑ Feierstunde in Flaxweiler: Würdigung für einen Sohn der Ortschaft: Place Nicolas Ries im Beisein zahlreicher Gäste eingeweiht. Luxemburger Wort 2013, Nr. 235 (8. Oktober), S. 28.