Nicolas van Werveke
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Paul Antoine van Werveke, gebuer den 23. Juli 1851 zu Dikrech, a gestuerwen de 24. Februar 1926 um Lampertsbierg an der Stad, war e lëtzebuergesche Professer an Historiker, ee vun de bedeitendste vu senger Generatioun.
Nicolas van Werveke | |
---|---|
Gebuer |
23. Juli 1851 Dikrech |
Gestuerwen |
24. Februar 1926 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Famill | |
Geschwëster | Leopold van Werveke, Auguste van Werveke |
Hie war villsäiteg aktiv, souwuel um Gebitt vun der Numismatik, der Kultur- an der Sproochfuerschung. Hie war Professer am Stater Kolléisch an an der Industrieschoul (vun Oktober 1892 un) an duerno (vun 1909 bis 1911) den éischten Direkter vum Lycée de Jeunes Filles zu Lëtzebuerg (LJFL), deen 1909 gegrënnt gouf.
Den Nicolas van Werveke huet bei der Opstellung vum Inventar vun der Nationalbibliothéik an dem Opbau vun enger Nationalbibliographie eng wäertvoll Kontributioun geleescht. Hie war de Brudder vum Geolog Leopold van Werveke a vum Architekt an Zeecheprofesser Auguste van Werveke.
Als Undenken un de van Werveke gouf 1933 zu Hollerech eng Strooss no him genannt (Rue Nicolas van Werveke).
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- Kulturgeschichte des Luxemburger Landes, 3 Bänn (1924-1926) [Neioplo duerch de Carlo Hury an 2 Bänn (1983-1984) bei den Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht].
- Anthologie Nicolas van Werveke, publizéiert duerch d'Société des Amis de Nicolas van Werveke, mat enger Préface vum Jules Vannérus an engem Virwuert vum Edouard Oster; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie de la Cour Victor Bück), 1956; 386 Säiten.
- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vum Ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Officier de l'Ordre de Léopold
- Ordre de la couronne de Prusse 3e classe
- Officier d'Académie
Literatur
änneren- Hommage à N. van Werveke ; Sonnernummer vun Les Cahiers luxembourgeois, Jgg. 2 (1924-1925), Nr. 7 (Juli 1925); Ss. 503-616.
Um Spaweck
ännerenWikisource: Nicolas van Werveke – Quellentexter |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Doudesannonce vum Nicolas van Werveke. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25. Februar 1926). Gekuckt de(n) 07.03.2023.