De Paul Thibeau, gebuer den 28. Oktober 1890, a gestuerwen am Oktober 1980, war Direkter vum Lycée de garçons de Luxembourg a Member vum Staatsrot.[1]

Paul Thibeau
Gebuer 28. Oktober 1890
Gestuerwen Oktober 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Professer

No sengem Secondaire gouf hie Postbeamten mä huet dunn awer kuerz drop en Universitéitsstudiumn zu Paräis ugefaangen an 1917 huet hien den Doktorat a Physik a Mathematik bestanen. Hie gouf du Professer zu Lëtzebuerg bis hien am Krich wéinst feindlechem Behuelen an Däitschland op Korbach versat gouf. Nom Krich war hie, bis am November 1955, Direkter vunm Jongelycée an der Stad.[2]

Hie gouf den 1. Mäerz 1955 als Member vum Staatsrot ernannt an ass dat bis zu senger Demissioun den 1. Oktober 1972 bliwwen.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Ein Abschied. Revue N°46 vum 12. November 1955 Säite 10-11 mat 11 Fotoen