Félix Glatz
lëtzebuergesche Moler
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Félix Glatz, gebuer den 22. November 1894 zu Housen, a gestuerwen de 5. Abrëll 1953 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Schoulmeeschter, Zeecheprofesser a Moler[1].
Félix Glatz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Aloys Dominik Felix Glatz |
Gebuer |
22. November 1894 Housen |
Gestuerwen |
5. Abrëll 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Académie Julian, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Moler, Schoulmeeschter, Lycéesprofesser |
Karriär a Liewen
änneren- 1913-1916: Schoulmeeschter am Heischtergronn
- 1916: Schoulmeeschter zu Holztem.
- 1918-1922: Studium zu Paräis op der École des beaux-arts an op der Académie Julian[2].
- 1925-1926: Chargé de cours an der Industrieschoul zu Lëtzebuerg.
- 1926-1940: Maître de dessin an duerno Zeecheprofesser an der selwechter Schoul.
- 1940-1944: Am Krich ausgewisen aus Lëtzebuerg, huet zu Oochen Coursë ginn.
- 1945: Zeecheprofesser am Jongelycée zu Lëtzebuerg.
- 1953: Gestuerwen de 5. Abrëll zu Lëtzebuerg. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.[3]
Wierker
änneren- De Félix Glatz war virun allem Paysagiste an huet mat Virléift Biller vun der Éisleker Landschaft gemoolt an och vun der Provence, der Heemecht vu senger Fra. Un hien erënneren och etlech vun him gemoolte Portraiten an Nature morten. Hie war villsäiteg an huet Gei, Uergel a Piano gespillt. Hien ass och den Auteur vun zwee Theaterstécker a lëtzebuergescher Sprooch.
- 1938 huet de Félix Glatz de Prix Grand-Duc Adolphe fir seng Wierker kritt.
-
«Hosingen» (1927)
-
«Paysage dans les Ardennes» (1925)
-
«Nature morte aux fruits et citrouille» (1900-1949)
-
«Portrait d'Ernest Wurth à Paris» (1923)
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1951)[4]
- Officier d'Académie[3]
Literatur
änneren- Jaans, Jean: Der Maler Felix Glatz, Revue De Cliärrwer Kanton,1983-3
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 14-15)
- APEA: Regard, Album erausgi vun der Association des Professeurs d'Education Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur, 1987, Éditions St.-Paul
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche am konschtlexikon.mnaha.lu.
Commons: Félix Glatz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Welter, J., red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 104.
- ↑ 3,0 3,1 Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort, 7. Abrëll 1953.
- ↑ "Ordre de la Couronne de Chêne", Luxemburger Wort, 24. Februar 1951.