Park Klosegrënnchen

Parc an der Stad Lëtzebuerg

De Parc Klosegrënnchen ass en ëffentleche Park an der Gemeng Lëtzebuerg am Quartier Neiduerf/Weimeschhaff.

Park Klosegrënnchen
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Neiduerf/Weimeschhaff
Koordinaten 49° 37’ 57.00’’ N
      06° 10’ 44.10’’ O

Ëstlech vum Park läit de südlechen Deel vum Gréngewald an de Lieu-Dit Grohans, deen zum Neiduerf gehéiert.

E gouf 1997 vum Fonds Kirchberg ugeluecht a gëtt vun him ënnerhalen, Nieft dem Parc Central an dem Parc Réimerwee ass et en Deel vum Arboretum Kierchbierg.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arboretum Kierchbierg.

En Deel vum Park besteet aus Dünen, déi mat Sand opgekéipt goufen, dee beim Bau vum ëstleche Contournement vun der Stad ugefall ass. An dësem sandege Biotop goufe Beem geplanzt, déi sou en Ënnergrond gär hunn, wéi Wakelter, Kiferen, Gënz, Wëll Rousen a Weiden. Op den Dréchewise wuessen ë. a. Planze wéi Klengt Klapperkraut (Rhinanthus minor), Wisesalbei (Salvia pratensis), Sand-Wéck (Vicia lathyroides), Däiwelsofbass (Orobanche purpurea) oder Pyramidenorchidee (Anacamptis pyramidalis)[1]

Am méi déif geleeënen Deel goufen Opfänkbasenge mat engem spiralfërmegen Alaf fir d'Reewaasser ugeluecht. Deen Deel ass deementspriechend méi fiicht an deelweis suppeg.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Category:Park Klosegrënnchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Les parcs du Kirchberg op fondskirchberg.public.lu (nogekuckt 2023-10-23).