Kierchbierg (Rëmeleng)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kierchbierg zu Rëmeleng. Fir de Stater Quartier, kuckt wgl. Kierchbierg.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kierchbierg ass en Deel vu Rëmeleng, e Minettsbierg südlech vum alen Duerfkär an ëstlech vun Haasselt an dem Heedterwee, wou haut d'Cité Kierchbierg steet.

Al Kallekiewen um Kierchbierg zu Rëmeleng

Den Numm kënnt dohier datt um Bord vum Bierg schonn zanter Mënschegedenken eng Kapell stoung, wuel um Dräieck wou d'Kierchstrooss, d'Kräizstrooss an den Heedterwee zesummestoussen. Fir d'éischt ernimmt gouf dës Kapell am Weistum vum 10. September 1384[1]. Et war eng kleng Kierch, mat der Muttergottes als Patréinesch a mam Hellege Sebastian als Niewepatréiner. Si war dacks an engem schappegem Zoustand, mä et huet bis 1841 gedauert ier déi al ofgerappt a vill Material dervu gebraucht fir am Happgaart (um Schléiwenhaff, wou haut d'Precoce ass) eng nei ze bauen[2].

Spéider dunn ass do eng Minière iwwer Dag opgaangen, déi e Lach vun 30 m Déift an de Bierg gerappt huet. Net vergiess sief och d'Konzessioun Kierchbierg, wou déi belsch Aktiegesellschaft John Cockerill vun 1880 bis 1930 d'Minett ënner Dag ofbaue gelooss huet (an duerch déi den Zougank an d'Konzessioun Walert war).

Am Kierchbierg louchen (nieft décke Kalleksschichten) déi follgend Lager[2]:

  • 2,6 m sandeg Rout
  • 1,7 m sandeg Rout
  • 1,8 m kallekeg Rout
  • 3,0 m Giel
  • 3,5 m Gro
  • 0,2 m Spuere vun där Bronger
  • 0,2 m Spuere vun där Schwaarzer

Op Kierchbierg 2 hat dem Léon Berens seng UMBR e Steebroch a véier Kallekiewen, déi an Dag– an Nuetsbetrib Hüttekallek, Zement an Düngerkallek ervirbruecht hunn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kallekiewe vu Rëmeleng.

Referenzen änneren

  1. S. Töpfer, Urkundenbuch III, S. 301-302
  2. 2,0 2,1 Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957