Musée d'art moderne grand-duc Jean

(Virugeleet vu(n) MUDAM)

De Musée d'art moderne grand-duc Jean, kuerz MUDAM oder Mudam, ass e Musée fir zäitgenëssesch Konscht, dee beim Fort Thüngen ("Dräi Eechelen") um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg gebaut gouf. De Mudam huet den 1. Juli 2006 seng Dieren opgemaach.

Musée d'art moderne grand-duc Jean
Land Lëtzebuerg
Gemeng Kierchbierg
Koordinaten 49°37'1,51"N, 6°8'23,63"O
Architekt(en) Ieoh Ming Pei
Datum vum Bau 2006
Opgaangen 2006

Architekt vum Gebai ass de Ieoh Ming Pei; benannt ass et nom Groussherzog Jean, dem Papp vum aktuelle Groussherzog Henri.

D'Gebai

änneren

D'Gebai, dat op d'Enveloppe vum Fort Thünge gebaut gouf, huet eng Fläch vu ronn 10.000 m³ wouvun der 4.800 fir d'Austellunge sinn.

D'Geschicht geet op déi spéit 1980er Joren zeréck, wou et ëmmer méi däitlech gouf, datt zu Lëtzebuerg ee Musée fir modern Konscht géif feelen. Well Lëtzebuerg 1995 Europäesch Kulturhaaptstad sollt sinn, huet d'Regierung Santer-Poos II de sino-amerikaneschen Architekt gefrot, e Plang vun engem Musée auszeschaffen, deen och vum architektonesche Standpunkt hir "eppes sollt hierginn". Als Plaz war en Terrain beim Fort Thüngen um Kierchbierg erausgesicht ginn, an dem Pei huet déi Iddi, Ales - de Festungsfort - mat Neiem ze verbannen, gefall.

 
Déi grouss Hal

Déi éischt Projeten, déi de Pei uganks der 1990er virgeluecht huet sinn awer op staark Oppositioun gestouss: deenen enge war et ze grouss an ze deier, déi aner, wéi d'Frënn vun der Festungsgeschicht, hu gefaart, d'Reschter vum Réduit vum Fort Thüngen, op déi de Musée hätt solle gebaut ginn, géifen doduerch zerstéiert ginn. Iwwer 14.000 Leit hunn 1992 eng Petitioun mam Titel "D'Fangeren ewech vun den Dräi Eechelen" ënnerschriwwen.[1]

De Pei gouf gefrot, en neie Plang ouni d'Gebai vun den Dräi Eechelen ze maachen, an d'Festungsfrënn krute versprach, datt e Festungsmusée géif dora kommen. 1996 - d'Kulturjoer war grad eriwwer - gouf da vun der Regierung Juncker-Poos e Gesetzprojet virgeluecht, fir de Mudam ze bauen, deen am Dezember 1996 vun der Chamber gestëmmt gouf an de 17. Januar 1997 a Kraaft getrueden ass. Bal genee zwee Joer drop, den 22. Januar 1999, gouf deen éischte Stee geluecht.

De Bau huet 88 Milliounen Euro kascht. An der Bauphase koum et zu juristesche Reiwereien (an dowéinst Verspéidungen) well ee Soumissionaire, dee sech bei der Auswäertung vun engem Appel d'offres iwwer d'Magny dorés-Steng ongerecht bewäert gefillt huet.

2006 waren d'Aarbechte fäerdeg, an de Musée konnt den 1. Juli ageweit ginn.

De Musée

änneren

De Mudam gëtt vun der 1997 geschaafter Fondation Musée d'art moderne Grand-Duc Jean, där hiren abléckleche President de Jacques Santer ass, verwalt.

Éischt Direktesch vum Musée, vun 2000 bis 2008, war d'Marie-Claude Beaud. Si hat ier de Musée opgoung, mat Hëllef vun engem Expertë-Comité, d'Sammlung zesummegestallt. E groussen Deel vun den Exponate kënnt vun Artisten aus Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner. Am Ganzen ëmfaasst d'Sammlung bis ewell eng 750 Wierker vu Kënschtler vu Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt. Vill dervu sinn Optragsaarbechten, déi sou de Raimlechkeeten ugepasst konnte ginn.

Si decken déi verschiddenst Disziplinnen a Konschtdomänen of, vun der Molerei bis bei d'Fotografie, vun der Zeechnung bis zum Video-Support, vu Multimedia bis Moud, vum Design bis zu der Graphik, vum Toun bis zu der Architektur. Eng 30 Kënschtler goufen an de Projet Be the Artists' Guest mat agebonnen, wou se a verschiddene Raimlechkeete vum Musée hir Wierker konnten integréieren.

Direktioun

änneren
vun bis Direkter Bemierkung
2000 2008 Marie-Claude Beaud
2009 2017 Enrico Lunghi
01.01.2018 31.12.2021[2] Suzanne Cotter[3]
01.04.2022 Bettina Steinbrügge[2]
 
De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean

Kënschtler, deenen hir Wierker ausgestallt ginn

änneren

Alvar Aalto, Marina Abramovic, Emmanuelle Antille, Stephan Balkenhol, Bernd an Hilla Becher, Pierre Bismuth, Sophie Calle, Hussein Chalayan, Claude Closky, James Coleman, Tony Cragg, Richard Deacon, Mark Dean, Wim Delvoye, Damien Deroubaix, Stan Douglas, Jan Fabre, Ian Hamilton Finlay, Roland Fischer, Günther Förg, Charles Fréger, Gilbert & George, Nan Goldin, Andreas Gursky, Thomas Hirschhorn, Fabrice Hybert, William Kentridge, Claude Lévêque, Mark Lewis, Richard Long, Michel Majerus, Christian Marclay, Martin Margiela, Steve McQueen, Bady Minck, Bruce Nauman, Shirin Neshat, Albert Oehlen, Blinky Palermo, Philippe Parreno, Grayson Perry, Fiona Rae, Pipilotti Rist, Thomas Ruff, Thomas Scheibitz, Julian Schnabel, Thomas Schütte, Cindy Sherman, Katharina Sieverding, Thomas Struth, Wolfgang Tillmans, Laure Tixier, Cy Twombly, Xavier Veilhan, Kara Walker a Rémy Zaugg.

Ausstellungen

änneren

Literatur

änneren
  • Musée d'art moderne grand-duc Jean, 2009. Mudam, le bâtiment de Ieoh Ming Pei. Imprimerie centrale, Lëtzebuerg. 180 S., 107 Fotoen, Pläng an historesch Dokumenter (Fotoe vum Christian Aschman).
  • Ministère des Travaux publics, 2006. Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Gazette.
  • Bruttorauminhalt: +/- 72.000 m³
  • Bruttogesamtfläch: +/- 12.000 m²
  • Nettogesamtfläch: +/- 10.000 m²
  • Ausstellungsfläch: +/- 3.500 m²
  • Maximal Héicht: +/- 33 m
  • Tëscht dem 1. Juli 2006 an dem 30. Juni 2007 hat de Mudam 114 389 Entréeën. (Quell)

Um Spaweck

änneren
Commons: Musée d'art moderne grand-duc Jean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "20 Joer Kultur zu Lëtzebuerg." Emissioun vum 19. September 2013 am Audioarchiv vun 100komma7.lu, ca. 13. Minutt.
  2. 2,0 2,1 Bettina Steinbrügge neue Generaldirektorin des Mudam. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-11-12). Gekuckt de(n) 2021-11-12.
  3. "D'Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam." rtl.lu, 06.10.2017, 18:08:09.