Den Harold Eugene "Hal" Roach, Sr., gebuer de 14. Januar 1892 zu Elmira, New York, a gestuerwen den 2. November 1992 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmproduzent, Regisseur an Dréibuchauteur.

Hal Roach
Gebuertsnumm Harry Eugene Roach
Gebuer 14. Januar 1892
Gestuerwen 2. November 1992
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Regisseur, Televisiounsproduzent

Hie war den Direkter vun den Hal Roach Studios zu Culver City déi vun der Mëtt vun den 1910er Jore bis an d'1960er Joren eran iwwer 1200 Filmer an Televisiounsemissioune produzéiert hunn, bal alles Comédien.

Den Hal Roach hat säin Duerchbroch als Produzent mat de Stommfilmer mam Starkomiker Harold Lloyd an der Haaptroll, méi spéit gouf e virun allem bekannt fir d'Serie vun de Filmer vum Décken a vum Dënnen, déi e produzéiert a fir déi e Regie gefouert huet, sou wéi fir The Little Rascals (dt.: Die kleinen Strolche).

Nom Zweete Weltkrich huet hie sech méi mat Televisiounsproduktiounen ofginn, z. B. der Abbott and Costello-Show.

De Roach krut 1984 en Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Literatur änneren

  • Richard Lewis Ward: A History of the Hal Roach Studios. Southern Illinois University Press, Carbondale 2005, ISBN 0-8093-2637-X.

Um Spaweck änneren

Commons: Hal Roach – Biller, Videoen oder Audiodateien