Bela Lugosi

ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller

De Bela Lugosi, gebuer den 20. Oktober 1882 zu Lugos, Banat (deemools Éisträich-Ungarn, haut Rumänien) a gestuerwen de 16. August 1956 zu Los Angeles, Kalifornien, mam richtegen Numm Béla Ferenc Dezső Blaskó, war en ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller,. Hien ass virun allem fir seng Rollen an Horrorfilmer bekannt, absënns fir seng Roll als Grof Dracula, an der Verfilmung vun 1931.

Bela Lugosi
am Film "The Devil Bat" (1940)
Gebuertsnumm Blaskó Béla Ferenc Dezső
Pseudonym Arisztid Olt, Olt Arisztid, Albert Lugesi, Belo Lugosi
Gebuer 20. Oktober 1882
Gestuerwen 16. August 1956
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Ungarn, USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Schauspiller
Famill
Bestuet mat onbekannt, onbekannt, onbekannt
De Bela Lugosi (ëm 1900).

An den Ufanksjore vu senger Schauspillerei huet hie sech och alt de Pseudonym Arisztid Olt gebraucht. "Lugosi" kënnt vun der Uertschaft hier, wou e gebuer ass.

De Bela Lugosi huet ufanks an Ungarn a Stommfilmer gespillt, woumat e bekannt gouf. Hie war och politesch engagéiert, war Member vun der Kommunistescher Partei an huet eng Schauspiller-Gewerkschaft gegrënnt. Well en dowéinst ëmmer méi Schwieregkeete krut, ass e mat senger Fra Ilona Szmik op Wien (1919), dunn op Berlin (1919-1921), a schlussendlech (ouni seng Fra) an d'USA (1921) emigréiert.

Hien hat ufanks Theaterrollen um Broadway, dorënner och 1927 mat groussem Succès d'Haaptroll an enger Adaptatioun vum Bram Stoker sengem Dracula. 1930 huet den Tod Browning de Lugosi fir d'Verfilmung vum Roman an der Haaptroll engagéiert, wat aus him e Star gemaachhuet. An de Joren duerno huet de Lugosi an enger ganz Rëtsch vu bekannte Filmer vum Horrorgenre gespillt (bal ëmmer dee Béisen oder d'Monster), dorënner Murders in the Rue Morgue (nom Edgar Allan Poe, 1932), White Zombie The Raven, och nom Poe, The Sign of the Vampire (1935), Son of Frankenstein (zesumme mam Boris Karlof), Return of the Vampire (1944). Hien hat awer och Rollen an anere Film-Genren, z. B. an Ninotchka.

An der Nokrichszäit huet d'Intressi beim Publikum un Horror-Filmer ofgeholl, an de Lugosi huet sech mat enger ganzer Rëtsch B-Movies probéiert iwwer Waasser ze halen. Do derbäi koum eng Alkohol- a Morphiumsucht, déi et em schwéier gemaach hunn, a sengem Beruff ze schaffen.

An der Mëtt vun den 1950er Joren huet de jonke Regisseur Edward D. Wood jr. him Rollen a senge B-Movies ginn (de Wood krut spéiderhin am Geck den Titel "Schlechtste Regisseur vun allen Zäiten", wat senge Filmer eng Zort Kultstatus ginn huet). Säi leschte Film war dem Ed Wood säi Plan 9 from Outer Space (1959).

Filmographie änneren

Kino änneren

Stommfilmer änneren

Tounfilmer änneren

Literatur (Auswiel) änneren

  • Harun Maye: Bela Lugosi - Ein Liebhaber, ein Dilettant. In: Hungarian Studies. Bd. 14, Nr. 2, Januar 2001, ISSN 0236-6568, S. 286-295.
  • Rainer Dick: Bela Lugosi. Teuflischer Sex-Appeal. In: Rainer Dick: Die Stars des Horrorfilms. Tilsner, München 1996, ISBN 3-910079-63-6, S. 108-117.
  • William K. Everson: Klassiker des Horrorfilms (= Goldmann-Magnum 10205). 2. Auflage. Goldmann, München 1982, ISBN 3-442-10205-7 (Originaltitel: Classics of the Horror Film).
  • Richard Bojarski: The Films of Bela Lugosi. 2nd paperbound printing. Citadel Press, Secaucus NJ 1980, ISBN 0-8065-0808-6.
  • Robert Cremer: Lugosi. The Man behind the Cape. H. Regnery Co., Chicago IL 1976, ISBN 0-8092-8137-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Bela Lugosi – Biller, Videoen oder Audiodateien