Stan Laurel

brittesche Schauspiller a Komiker (1890–1965)

De Stan Laurel, mam richtegen Numm Arthur Stanley Jefferson, gebuer de 16. Juni 1890 zu Ulverston, Lancashire (haut Cumbria), England a gestuerwen den 23. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war en englesche Schauspiller a Komiker, dee virun allem bekannt war als den "Dënnen" vum Komiker-Duo Den Décken an den Dënnen.

Stan Laurel
Gebuertsnumm Arthur Stanley Jefferson
Gebuer 16. Juni 1890
Ulverston
Gestuerwen 23. Februar 1965
Santa Monica
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Komiker, Filmschauspiller, Cascadeur, Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Lois Neilson, Ida K. Laurel
Liewenspartner(in) Mae Dahlberg
Papp Arthur J. Jefferson

De Laurel war de Jong vun engem brittesche Show-Artist. 1910 ass hie fir d'éischt Kéier an d'Vereenegt Staate gaangen, als Member vun der Fred Karno-Trupp, an där och de Charlie Chaplin war. De Laurel ass an den USA bliwwen, wou e Vaudeville-Theater gespillt huet a geleeëntlech a Stommfilmer opgetrueden ass.

1926 huet hien ugefaangen, a Filmer fir d'Hal Roach-Studioe mam Oliver Hardy zesummenzeschaffen. Si hate geschwënn e grousse Succès als Stommfilm-Kommikerduo. Méi spéit hu si och Tounfilmer zesumme gemaach.

De Stan Laurel war de kreativen Deel vum Duo, deen am meeschten zu den Dréibicher bäigedroen huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Stan Laurel – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
De Stan Laurel (lénks) beim "Flying Showboat" Programm op enger US-Basis an der Karibik (1943)