Nicolas Entringer
Lëtzebuerger Museker
Den Nicolas Entringer, gebuer den 20. Mäerz 1885 um Wuermer Bierg an och do gestuerwen den 18. Dezember 1969[1], war e lëtzebuergesche Museker a Komponist.
Hien huet vill Lidder komponéiert, deelweis mat eegenen Texter, deelweis mat Texter vun aneren Auteuren, déi virun allem mat der Musel an dem Wäin ze dinn haten.
Hie war och laang Zäit Dirigent vun der Wuermer Musek (1917 - 1952)[2].
No him gouf eng Plaz um Wuermer Bierg vis-a-vis vun der Kapell benannt, wou och e Gedenkstee fir hie steet.
LiteraturÄnneren
- Léift Wuermeldéngen am Museldall, 1967. Comité des fêtes, Impr. Faber, Grevenmacher, S. 60 - 103