Donwer Baach
D'Quell vun der Donwer Baach ass eng ronn 1.500 Meter südlech vu Fluessweiler am Déifebaacherbësch op enger Héicht vun 305 Meter.
Längt | 9,4 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Déifebaacherbësch Fluessweiler |
Héicht | 305 m |
Konfluenz | |
Leeft an | Musel |
Plaz | Ohn |
Héicht | 136,7 |
Koordinaten |
49° 39’ 05.8’’ N 06° 20’ 19.1’’ O |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Regioun | Guttland |
Duerno leeft d'Baach laanscht Uewerdonwen an Nidderdonwen, duerch Ohn, a leeft do op enger Héicht vun 136,70 Meter an d'Musel. D'Donwer Baach ass 9,4 Kilometer laang. Si huet nieft der Ohner Millen nach d'Nidderdonwener Iewescht Millen an d'Nidderdonwener Bockemille gedriwwen.