Gouschtenger Baach

lëtzebuergesch Baach

D'Gouschtenger Baach ass eng Baach am Oste zu Lëtzebuerg an de Gemenge Fluessweiler a Wuermer.

Gouschtenger Baach
Beyrener Baach
D'Gouschtenger Baach zu Éinen
Längt 9.300 m
Originn
Originn Quell
Plaz Menster
(Kréckelsbierg)
Héicht 320
Koordinaten 49° 38’ 18.8’’ N
      06° 1802’ O’’ {{{8}}}
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Éinen
Héicht 137 m
Koordinaten 49° 36’ 00.9’’ N
      06° 23’ 19.5’’ O
Haaptnieweflëss Lennenger Baach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Guttland

Et ass eng vun deene Baachen déi op hirem Laf den Numm ännert. Op den éischte 4 900 Meter heescht se Beyrener Baach, a vu Gouschteng un op de leschte 4.400 Meter huet se den Numm Gouschtenger Baach.

D'Beyrener Baach änneren

D'Beyrener Baach mam GIS-Code 576 huet hir Quell eng ronn 1800 Meter südlech vu Menster um Fouss vum Kréckelsbierg op enger Héicht vun 320 Meter, um Flouer Pudels. Se leeft vun do aus 4,9 km no Osten a Südosten duerch Beyren bis op Gouschteng, wou se hiren Numm ännert.

D'Gouschtenger Baach änneren

Vun der Bréck um CR143 zu Gouschteng un heescht d'Baach Gouschtenger Baach an huet de Code 577.

Vu Gouschteng aus leeft se dann eng ronn 3 km no Oste fir um Fouss vum Gabierg no Süden ze dréinen. Da leeft se ganzen Zäit an engem schmuelen Dall, laanscht den CR134 bis op Éinen, fir do op enger Héicht vun 138 Meter an d'Musel ze lafen.

Déi eenzeg nennenswäert Niewebaach ass d'Lennenger Baach déi bei Éinen draleeft.

Kuckt och änneren