Jean-Mathias Wellenstein

lëtzebuergesche Jurist, Minister a Chamberpresident
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Mathias Wellenstein, gebuer de 24. Mäerz 1795 zu Éinen[1] a gestuerwen den 1. Dezember 1870 zu Dräibuer[2], war e lëtzebuergesche Riichter, Minister a Chamberpresident.

Jean-Mathias Wellenstein
Gebuer 24. Mäerz 1795
Éinen
Gestuerwen 1. Dezember 1870
Dräibuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter
Famill
Geschwëster Nicolas Wellenstein
Grafkapell vun der Famill Wellenstein um Kierfecht vun Éinen, wou och de Jean-Mathias Wellenstein begruewen ass.

1848 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech, Member vun der Assemblée constituante.

De Jean-Mathias Wellenstein war an der Regierung Simons vum 23. September 1853 bis den 23. September 1854 Bauteminister, Administrateur des travaux publics, a vun 1857 – 1858 war hie President vun der Assemblée des États.

Vum 29. Dezember 1860 bis den 1. Dezember 1870 war hie Member vum Staatsrot.[3]

De Jean-Mathias Wellenstein ass de jéngere Brudder vum Nicolas Wellenstein.

No him ass zu Éinen eng Strooss benannt.

Gielercher[4] änneren

Referenzen änneren

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 170 (BNL)
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 179 (BNL)
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 13, S. 179 (BNL)